Blaise Pascal
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Blaise Pascal, gebuer den 19. Juni 1623 zu Clermont-Ferrand a gestuerwen den 19. August 1662 zu Paräis, war e franséische Philiosoph an Naturwëssenschaftler.
De Blaise Pascal gouf schonn als Kand als mathematescht Genie betruecht.
Hien huet a jonke Joren eng Rechemaschinn entworf an hien huet 1647 d'Gesetz vun de kommunizéierende Réier entdeckt.
Hien ass op d'Iddi komm fir de Barometer ze benotzen fir d'Héichtemeter (iwwert dem Mier) vun enger Plaz ze bestëmmen.
Hien ass am Alter vun 39 Joer am Klouschter Port-Royal gestuerwen.