See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Ben Fayot - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Ben Fayot

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

De Ben Fayot, gebuer de 25. Juni 1937 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Politiker.

De Ben Fayot huet zu Paräis op der Sorbonne an dono um Institut d'Etudes politiques studéiert. Bis 1984 war hie Sproocheprof am Athénée de Luxembourg an um ISERP.

Politesch huet hie sech an der LSAP engagéiert. Hie war Member vun hirem Comité-directeur 1978 bis 1997, a vun 1985 bis 1997 hire President.

1981 ass hien an de Gemengerot vun der Stad gewielt ginn, a gouf duer all Kéiers nees erëmgewielt. 1984 bis 1989 war de Ben Fayot Deputéierten an der Chamber, a vun 1989 bis 1999 Member vum Europäesche Parlament.

Zënter 1999 (2004 erëmgewielt) ass en nees Member vun der Chamber. Hien ass zënter 2004 President vun der Chamberfraktioun vun der LSAP.

De Ben Fayot war ee vun de lëtzebuergesche Membere vun der Europäescher Conventioun.

Hien ass Co-Auteur vu Franséisch-Bicher fir d'Klasse VIIe vis Ve, mee virun allem och Auteur vum Standardwierk iwwert d'Geschicht vum Sozialismus zu Lëtzebuerg an 2 Bänn. (1979 an 1989). Ausserdeem huet hien eng sëllechen historesch Studie publizéiert an ass reegelméissege Mataarbechter vum Tageblatt an och soss Zeitungen.

De Ben Fayot ass bestued a Papp vun 3 Kanner.

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Aner Sproochen


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -