Hëllef:Schablounen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Schabloune sinn u sech automatesch Messagen/Këschten déi eemol kreéiert goufen, awer villsäiteg op anere Säiten anzesetze sinn. Si ginn ëmmer tëscht {{}} geschriwwen, an et ass net egal wou se higesat ginn. Do wou der se hischreift, gesäit ee se och (um Ufank, um Enn, an der Mëtt...)!
Wann der eng Lëscht vun de gängegste Schabloune wëllt gesinn da kuckt w.e.g. hei.
Hei eng Lëscht mat de verschiddenen Zorte vu Schablounen déi op der lëtzebuergescher Wikipedia benotzt ginn:
- Textbausteng
- Navigatiounsläischten
- Infoboxen
- Verschiddener:
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Benotze vu Schablounen
Fir eng einfach Schabloun an en Artikel ze setzen, kann en d'Schabloun {{Titel}}
benotzen. Fir et unzeweisen ersetzt dann d'MediaWiki-Software dëst duerch den Inhalt vun der Schabloun „Titel“. Gëtt d'Schabloun geännert, ännert sech och den Text.
Säiten, déi net am Nummraum vun der Schabloun stinn, kënnen och als Schabloun benotzt ginn, wann en se ugëtt. Zum Beispill giff {{Wikipedia:Hëllef}} d'Säit Wikipedia:Hëllef als Schabloun abannen. Wéilt een eng Artikel-Säit mat abannen, muss een en Doppelpunkt virun den Numm setzen: {{:Lëtzebuergesch}} giff beispillsweis den Artikel Lëtzebuergesch als Schabloun abannen.
Dës Tags sollten nëmmen innerhalb vu Säiten benotzt ginn, déi als Schabloun agebonne ginn:
- <includeonly>
- Alles, wat an enger Schabloun tëscht <includeonly> an </includeonly> steet, gëtt nëmmen dann ugewissen, wann d'Schabloun op enger anerer Säit agebonnen gëtt. Mat <includeonly> loosse sëch all Säiten, déi eng bestëmmte Schabloun hunn, enger Kategorie bäisetzen.
- <noinclude>
- Alles, wat an enger Schabloun tëscht <noinclude> an </noinclude> steet, gëtt nëmmen dann ugewissen, wann d'Schabloun direkt gekuckt gëtt. Mat <noinclude> loosse sëch esou d'Schablounen enger Kategorie bäisetzen, Hëllef:Interwiki-Linken ( Internationaliséierung afügen oder eng Dokumentatioun bäisetzen, déi als Schabloun benotzt gëtt.
- <onlyinclude>
- Wann d'Schabloun direkt gekukt gëtt, huet <onlyinclude> an </onlyinclude> keng Wierkung op dat wat dotëscht ass. Wann d'Schabloun op enger anerer Säit agebonne gëtt, gëtt just dat ugewissen wat dotëscht steet.
[Änneren] Parameteren
(to do)
[Änneren] Kategoriséieren
All Schabloun soll an eng passend thematesch Ënnerkategorie an d' Kategorie:Wikipedia:Schablounen gesat ginn. Et sollt een hei oppassen, dass dëst tëscht <noinclude>...</noinclude> gemacht gëtt, fir dass nëmmen d'Schabloun an d'Kategorie gesat gëtt an net all déi Säiten, an denen d'Schabloun benotzt gëtt.
[Änneren] Kuckt och
Wéi d'Schablounen ze programméieren sinn, fannt dir hei:Schablouneprogramméierung