Web - Amazon

We provide Linux to the World

ON AMAZON:


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Wikipedia:Kategorien - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Wikipedia:Kategorien

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Kategorien erlaben et, Wikipedia-Artikel a bestëmmten "Tiräng" ze leeën. Am Géigesaz zu richtegen Tiräng kann en Artikel dobäi a méi wéi eng Kategorie gehéieren; d'Kategorie selwer kënnen och nees anere Kategorien zougeuerdnet ginn.

Kategorie kënnen an der Wikipedia fir verschidden Zwecker agesat ginn. Méiglech Uwendungsfäll sinn:

  • D'Anuerdnung vun Artikelen an eng Klassifikatioun
  • D'Zouweisung vun Artikeltypen zu Artikelen
  • Verschlagwuertung vun Artikeln
  • Grondlag fir statistisch Auswertungen iwwert d'Zesummesetzung vun den Artikelen.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Grondleeëndes

D'Artikelkategoriséierung vu Wikipedia erfollegt duerch e ganz flexibelt Verfueren. Dëst Verfueren ass multihierarchesch a léisst méifach Zouuerdnungen zou. An der Informatik ass dëse Prinzip als Méifachverierwung bekannt. Prinzipiell kann all Auteur all Kategorie definéieren, d'Hierarchiestruktur änneren etc. Fir dass dës wënschenswert Fräiheet awer net dozou féiert, datt de Sënn vun der Kategoriséierung, daat heescht d'Fanne vun Artikelen a bestëmmte Beräicher souwéi d'Méiglechkeet vu statisteschen Aussoen letzlech nëmmi ginn ass, well de Namespace vun de Kategorie völleg chaotesch wuchert, gëllt fir d'Lëtzebuerger Wikipedia folgend Verfueren:

Déi graff Struktur vun der Kategoriséierung an eenzel Haaptkategorien, Haaptopdeelungen an Artikeltypen ginn initial duerch interesséiert Benotzer am Konsens festgeluegt. Sëchergestallt muss dobäi ginn, dass statistesch Grobanalyse vun der Wikipedia zu jiddfer Zäit méiglech sinn. Dofir muss d'Unzuel vun den ieweschte Kategorie relativ begrenzt sinn. Weiderhi soll d'Uleeë vun Hierarchiestrukturen déi net funktionéieren esou schwéier ewéi méiglech gemaach ginn.

Ännerungen an dëser Grobstruktur kënnen nëmme mat engen neie Konsens mat Abezéie vun de méigleche Folge geschéien.

Ënnerhalb vun den Haaptkategorie leeën interesséiert Fachberäicher d'Strukture fest. Wéi genee daat gehandhabt gëtt, ass dem jeweilege Fachberäich selwer iwwerlooss.

[Änneren] Grondprinzip

D'Artikel op der Wikipedia ginn no dräi ënnerschiddleche Prinzipie kategoriséiert:

  1. dem "gehéiert-zum-Fachgebiet"-Prinzip (belongs-to)
  2. dem "ass-en-(Deel vun)"-Prinzip (is-a)
  3. mat enger geographescher/zäitlecher Fixéierung.

Den éischte Prinzip gëtt iwwert d'Haaptkategorie gesteiert, den zweeten iwwer dArtikeltypen, den drëtten iwwert dFixéierungen. D'Kombinatioun aus dëse Merkmaler definéiert a wéieen Tirang den Artikel gestach gëtt. Sou as zum Beispill de "Josy Braun" an "Linguist" (Artikeltyp), an doriwwer eraus e Lëtzebuerger Linguist, waat hie gläichzäiteg an d'geographesch Fixéierung "Lëtzebuerg" klasséiert.

[Änneren] Hiweiser fir Auteuren

Auteuren, déi Artikel klassifizéiere wëllen, sollte w.e.g. op folgendes oppassen: Grondsätzlech sollt all Artikel zu enger oder méi Haaptkategorie gehéieren oder zu enger Souskategorie vun dëser Haaptkategorie. Wann een sech mat de Souskategorie vun engem Haaptberäich net esou genee auskennt, dann ass et am beschten, den Artikel an d'Haaptkategorie ze setzen, an d'Detailarbecht deenen z'iwwerloossen, déi sech am Fachberäich auskennen.

[Änneren] Wéi setzen ech mäin Artikel an eng Kategorie ?

En Artikel gëtt an eng Kategorie gesat, andeems Dir w.e.g. um Enn vum Artikel folgendes hischreiwt:

[[Kategorie:X]]

Fir Artikelen alpabetesch ze uerdnen, waat bei Personnagen unbedingt ugerode gëtt, musst Dir folgendes schreiwen:

[[Kategorie:X|Y]]

Als Beispill:

[[Kategorie:X|May, Karl]]

Fir d'Kategorie selwer ënnerdeneen opzedeelen, musst Dir nom nämlechte Prinzip verfueren.

Kategorien erlaben et, Wikipedia-Artikel a bestëmmten "Tiräng" ze leeën. Am Géigesaz zu richtegen Tiräng kann en Artikel dobäi a méi wéi eng Kategorie gehéieren; d'Kategorie selwer kënnen och nees anere Kategorien zougeuerdnet ginn.

Kategorie kënnen an der Wikipedia fir verschidden Zwecker agesat ginn. Méiglech Uwendungsfäll sinn:

  • D'Anuerdnung vun Artikelen an eng Systematik
  • D'Zouweisung vun Artikeltypen zu Artikelen
  • Verschlagwuertung vun Artikeln
  • Grondlag fir statistisch Auswertungen iwwert d'Zesummesetzung vun den Artikelen.

[Änneren] Lëscht vun alle Kategorie-Artikel

[Änneren] E puer Konventiounen zu geographeschen Artikelen

  1. An de Kategorië gëtt d'Méizuel gebraucht (z.B. "Flëss" an net "Floss").
  2. Esoulaang just e Grapp voll Artikelen an enger Kategorie sinn, muss déi Kategorie net vun Ufank un de Länner oder der Schunggréisst no ënneragedeelt sinn (z.B. muss ee wéinst engem eenzegen Artikel iwwer Bern net direkt eng nei Kategorie "Stad Bern" opmaachen, mee vun enger gudder Dosen un oder esou mécht dat scho Sënn).
  3. Wann eng Kategorie de Länner no ënneragedeelt gëtt, da gebrauche Méizuel zesumme mam Numm vum Land hannendrunn (z.B. "Flëss an Däitschland" an net "Däitsch Flëss" oder "Flëss (Däitschland)").
  4. Zu Lëtzebuerg sinn eis Häipe kategorisiéiert no "Lëtzebuerger Uertschaften", "Lëtzebuerger Gemengen" a "Stied zu Lëtzebuerg" (z.B. fält d'Stad Lëtzebuerg gläich an all dräi Kategorien).
  5. All net-lëtzebuergesch Häipe stinn am Genoss vun engem méi einfache System: "Uertschaften an Xxxxx" a "Groussstied an Xxxxx". Eng Groussstad ass eng Stad mat op d'mannst 250.000 Awunner, woubäi déi doten Zuel keen Dogma ass, mee je no Land no uewen oder no ënne korrigéiert ka ginn ("grouss" huet jo net an all Land genee déiselwecht Bedeitung). All Groussstad ass och gläichzäiteg eng Uertschaft. Groussstied hunn iwregends hir eege Groussstadkëscht a soss gréisser Uertschaften hir och (mee leider am Ament nach net all an Templateform).
  6. Wa mer Kategorien iwwer Lëtzebuerg hunn, da gebrauche mer, wann nëmme méiglech, d'Adjektiv "Lëtzebuerger" an net "Lëtzebuergesch".
Static Wikipedia 2008 (March - no images)

aa - ab - als - am - an - ang - ar - arc - as - bar - bat_smg - bi - bug - bxr - cho - co - cr - csb - cv - cy - eo - es - et - eu - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - frp - fur - fy - ga - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - jbo - jv - ka - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - ms - mt - mus - my - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nn - -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -
https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformativo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com