Our
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Our | |
Statut | {{{14}}} |
Längt | 78 km |
Héicht vun der Quell | 653 m |
Duerchschnëttsdebit | m³/s |
Fläch vum Baseng | km² |
Leeft duerch | Belsch Däitschland Lëtzebuerg |
Mündung | Sauer |
Breet vun der Mündung | |
Floss - Hydrologie |
D'Our ass e Niewefloss vun der Sauer, deen duerch a laanscht d'Belsch, Lëtzebuerg an Däitschland leeft.
D'Our entspréngt am Héije Venn, am Süd-Oste vun der Belsch, um 653 m héich geleeënen "Eichelsberg" bei Manderfeld. Vun do aus leeft se no Süden, mécht méi oder manner d'Grenz tëscht Däitschland an der Belsch, bis se, vun hannert Ouren un, d'Grenz tëscht Lëtzebuerg an Däitschland mécht. Eenzeg Ausnahm heivunner ass Veianen, dat net, wéi aner Uertschaften zu deenen zwou Säite vum Floss, 1815 gedeelt ginn ass, mee ganz Lëtzebuerg zougesprach gouf.
Viru Veianen gëtt d'Our gestaut, fir mat deem Waasser e Pompelspäicherwierk kënnen ze bedreiwen. Beim Uleeë vun deem Stauséi hunn Deeler vun der Uertschaft Biwels misse verluegt ginn, well se iwwerschwemmt goufen.
Déi Lëtzebuerger Gemenge laanscht d'Our hu sech zu engem Naturpark zesummegeschloss.
Bei Wallenduerfer-Bréck/Wallendorf leeft d'Our, no 78 km, an d'Sauer.
[Änneren] Soss
A Wallounie gëtt et eng Baach, déi an d'Lesse leeft, déi och "Our" heescht.
[Änneren] Bibliographie
- Colling, G., P. Kremer, M. Meyer, M. Moes & J. Werner [et al.], 1994. Mittleres Ourtal : zwischen Dreiländereck und Rellesmühle. 134 S., Michael Weyand, Trier.
- Erpelding, Émile, 1971. Luxemburger Mühlen im Ourtal. An der Ucht 25: 173-177.
- Hemmer, Carlo, Jean Milmeister, Pierre Bassing, Adrien Ries, Lex Roth & Lex Jacoby (réds), Société électrique de l'Our (éd.), 1989. Der Our entlang / Le long de l'Our. 126 p., éd. Guy Binsfeld, Luxembourg. Tiramisú, Esch-sur-Alzette.
- Palzkill, Leonard, 2006. Ourtal ohne Grenzen : Wanderungen im deutsch-luxemburgischen Grenzraum. 214 S., Neuerburg.