NGC 598
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De NGC 598 (och Dräiecksniwwel, Triangulumniwwel oder Messier 33 bezeechent) ass eng Spiralgalaxis mat de Moossen 68.7'x 41.6' an der Schäinbarer Hellegkeet vun +5,70 mag am Stärebild Triangulum. Den Dräiecksniwwel ass no dem Andromedaniwwel an der Mëllechstrooss dat drëttgréissten Objet an der Lokaler Grupp an déi eenzeg weider echt Spiralgalaxis niewen dësen zwou. D’Distanz zum Dräiecksniwwel bedréit ronn 3 Millioune Liichtjoer. D’Mass vun dëser Spiralgalaxis bedréit ronn 10% vun der Mëllechstroosemass, entspriechend 30 Milliarden Sonnemassen.
Wéinst senger grousser Fläch an déier doraus resultéierender gerénger Flächenhellegkeet ass den Dräiecksniwwel besonnesch bei méi staarke Vergréisserungen mat dem Teleskop schwéier ze fannen.
D’Galaxis enthält dräi Gasniwwelen, NGC 592, NGC 595 an déi riseg Stäregebuertsplaz NGC 604. Weider sinn e puer Kugelstärekéip, vun deenen e puer der seltener Objetklass bloe Kugelstärekoup gehéieren. Méiglecherweis huet si och eng Satellitegalaxis, an zwar d’LGS 3.
Koordinaten (Äquinoktium 2000.0)
- Rektaszensioun: 1h33m54.00s
- Deklinatioun: +30°39'00.0"