Naturschutzgebitt Am Brill
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Am Brill ass en Naturschutzgebitt an der Gemeng Schëffleng. An der natierlecher Iwwerschwemmungszon vun der Uelzecht an direkter Noperschaft zur Uertschaft erstreckt sech e Fiichtgebitt, wouvun zirka 20 ha zënter 1988 ënner Naturschutz stinn. Den Numm Brill (wéi och dat däitscht Wuert "Brühl") steet fir eng naass Wiss an der Noperschaft vun engem oder e puer Dierfer.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Renaturéierung
De Schëfflenger Brill ass eent vun de wéinegen erhalene Fiichtgebidder am staark industrialiséiertem Dall vun der Uelzecht. Duerch d'Industrialiséierung ass e klengen Deel vum suppegem Fiichtgebitt zougeschott an ufanks den 1960er Jore mat Drainagen a Pëppeluplanzunge reduzéiert ginn. Am erhalenen Deel huet een an den 1980er Joren éischt Weieren an eng Digue ugeluecht. Dësen Damm huet d'Uelzecht an hirem sechs Meter déifem Baachbett laanscht d'Fiichtgebitt gedréckt.
Am Joer 2000 ass am Kader vun engem europäesche LIFE-Nature Projet mat der Renaturéierung vun der Uelzecht am Schëfflenger Brill ugefaang ginn, nodeems Bestgener Millen an direkter Noperschaft regelméisseg bei Héichwaasser iwwerschwemmt gouf. An enger éischter Phas ass de poulriichte Laf vun der Uelzecht op ongeféier engem Kilometer staark verännert an ëm 140 m verlängert ginn. Duerch d'Ofdroe vun de géien Uferen an d'Schafe vun engem grousse breede Baachbett, ass, nodeems sech d'Uelzecht hire Wee selwer gesicht huet, e Summer- an e Wanterbett entstan. Am neie schlaangefërmegem Bett ass d'Waasserstréimung an domat d'Erosioun reduzéiert ginn. Duerch d'Verschibe vun de Buedemmassen ass d'Bett gehuewe ginn, wou duerch eng etlech Flaachwaasserzonen a Bullisflächen entstan sinn. Si schafen nei Liewensraim a solle gläichzäiteg bei staarkem Héichwaasser als Héichwaasserspäicher déngen.
Schonns virun der Renaturéierung, mat där Gebitt ökologesch nei opgewäert ginn ass, ass de Schëfflenger Brill wéinst senger grousser ornithologescher Bedeitung mam groussherzoglechem Reglement vum 20. Dezember 1988 mat 12,5 ha an enger 7,2 ha grousser Pufferzon als Naturschutzgebitt ausgewise ginn. D'Reserv gehéiert gläichzäiteg am Kader vun der EU-Vulleschutzdirectiv 79/409/CE dem Natura 2000-Netz un.
[Änneren] Ökologie
De Brill zu Schëffleng ass a Bezuch op d'Waasservullewelt vu grousser Bedeitung a gouf zu engem wichtegem Duerchzuchsgebitt a Raschtplaz fir vill Vullen, déi op hirer Duerchrees sinn. Waren an de leschte Joerzéngte virun der Uelzechtrenaturéierung Äisvull (Alcedo atthis), Stackint (Anas platyrhynchos) a Waasserhéngchen (Gallinula chloropus) ze gesinn, esou hu sech d'Aarbechte vun der Ëmännerung vum Flossbett positiv op d'Vullewelt ausgewierkt. Um naturnoe Waasserlaf konnte während de folgenden Zäiten éischt Vulle wéi Sandpäifer (Tringa hypoleucos), Bekassinn (Gallinago gallinago) a Giele Wanterpanestäerzchen (Motacilla cinerea) observéiert ginn.
D'Schwaarzt Waasserhong (Fulica atra), de Schwaarze Wisekriibs (Rallus aquaticus) an de Klenge Jäizert (Acrocephalus scirpaceus) bréie gär an de Lëtschen. D'Flaachwaasserzonen am Uferberäich vun de Weiere si vun dichte Lëtschegebidder ageholl, an deenen d'Lëtschen (Phragmites communis) an de Kristusstaf (Typha latifolia) dominéieren. Si breede sech wéinst hirer immenser Wuesskraaft lues a lues och am oppene Waasser aus an hunn net nëmmen eng besonnesch Bedeitung als Bréiplaz, mee déngen och als Raschtplaz fir Zuchvullen.
An de Pëppeluplanzungen, an deene sech d'Uelzecht neierdengs hire Wee selwer gesicht huet, bréit de Jhackert (Turdus pilaris) an iwwerwantert déi Kleng Wanterint (Anas crecca) an de Kublang (Tringa ochropus). Dësem Pëppelbësch, dee lo am Iwwerschwemmungsberäich läit an et hei ze naass gëtt, wäert lues a lues verfaulen a sech am Laf vun der Zäit an en natierleche Flossdeltebësch mat senger typescher Vegetatioun entwéckelen. Dat doudegt Holz bitt enger Villfalt vun Insekten en neie Liewensraum.
[Änneren] Naturléierpad
An der Reserv ass en Naturléierpad vun ongeféier 3 km mat néng thematesche Statiounen amenagéiert ginn. De Circuit féiert vun der Bestgener Millen aus zum Deel iwwert Holzsteeën duerch d'Lëtschegebitt, de Flossdelltebësch a laanscht zwee Observéierungsstänn nees zréckt op den Ausgankspunkt.
[Änneren] Referenzen
- Patric Lorgé: Feuchtgebiete, ihre Renaturierung und die Auswirkungen auf die Vogelwelt. Zäitschrëft Regulus N°4 2005, Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga, S. 9-13.
- Marcel Hulten: Das Vogelleben im Schifflinger Brill im Kreislauf des Jahres. Zäitschrëft Regulus N°6 1955, Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga, S.106-114.
- Renaturéierung vun der Uelzecht 1
- Renaturéierung vun der Uelzecht 2
- Renaturéierung vun der Uelzecht 3