Ökologie
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Ökologie ass eng Wëssenschaft bannent der Biologie, déi sech mat den Organismen an hirer natierlecher Ëmwelt a mat de Wiesselbezéiongen tëscht deenen zwee beschäftegt. Je no methodologescher Approch kann een ënnerscheeden tëscht:
- Autoökologie: am Mëttelpunkt steet e Liewewiesen oder eng Aart a studéiert gëtt den Afloss vun den abiotesche Faktoren op dës Aart an d'(evolutiv) Upassunge vun deeër Aart un déi Faktoren, z. B. wéi eng Strategien hu Fësch fir mam Salzgehalt vum Mierwaasser eens ze ginn.
- Synökologie: beschäftegt sech mam Studium vun Ökosystemer.
- Demökologie: ass d'Ökologie vu Populatiounen a ënnersicht d'Bezéiungen tëscht enger Populatioun an hierem Liewensraum, z. B. wéivill Individuë vun enger Aart e bestëmmte Biotop ophuele kann.