See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Michel Gloesener - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Michel Gloesener

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.


Dëse Physiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Michel Gloesener gebuer de 4. Mäerz 1794 zu Uewerkäerjeng, am Péiteschhaus a gestuerwen 1876) war e lëtzebuergesche Physiker a Fuerscher.

Hien huet zu Léck studéiert, a goung dann op Paräis, wou en ënnert anerem beim André-Marie Ampère seng Studie perfektionnéiert huet. A senger Doktoratsthes vun 1824 huet hie sech mam kontroversen Thema vun de chemeschen Affinitéiten auserneegesat.

Säin Haaptgebitt war den Elektromagnetismus, wou en d'Fuerschungsresultater vum Ampère, vum Claude Louis Berthollet a vun der Société d'Arcueil mam John Dalton senger Atom-Hypothes verbonnen huet.

De Gloesener huet ënnert anerem elektresch Aueren an Telegrafe gebaut.

Hie war Lecteur, a vun 1825 bis 1830, Professeur extraordinaire op der Universitéit zu Louvain. 1830 krut en e Ruff op d'Uni vu Léck, wou e Physik, Experimentalphysik, physesch Astronomie a physesch Mathematik enseignéiert huet.

Als Erënnerung u seng Aktivitéiten zu Léck gouf, nieft dem Pont Gramme am Quartier Fetinne, e Boulevard no him genannt, de Boulevard Gloesener.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] D'Gebuertshaus

Zu Uewerkäerjeng an der Jean-Pierre Origer-Strooss steet wéi et schéngt op Nummer 10 säi Gebuertshaus. Wéi d'Haus vun Sites et Monuments klasséiert sollt ginn, huet en alen Uewerkäerjenger Bauer matgedeelt dass d'Famill Gloesener do just am Déngscht war an datt si net am Haus, mee an der aler Annexe (iwwert dem Schwäistall) gewunnt hätt. Dës Annexe, deen eelsten Deel vum Haff, huet, ouni datt de Sites et Monuments eppes drun auszesetze gehat hätt, dierfen ofgerappt ginn. Haut steet eng Residenz dropp, déi de Numm vum Erfinder dréit. Am Haus Nummer 10 hu bis viru kuerzem nach wäitleefeg Nokomme gewunnt.

[Änneren] Wierker

(Auswiel)

  • Traité général des applications de l’électricité: tome premier 1861 Paris, Liège: E. Noblet, 520 S.
  • Recherches sur la télégraphie électrique. 1853 Liége, H. Dessain, 124 S.

[Änneren] Literatur

  • Wolter, Michel: "Michel Gloesener, cet 'illustre inconnu' de Hautcharage" In: U.N. Käerjéng '97 : 5e anniversaire : inauguration du 1er drapeau. - Käerjéng : U.N. Käerjéng '97 ; [2003]. - S. 81-95, ill.

[Änneren] Um Spaweck


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -