André-Marie Ampère
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den André-Marie Ampère, gebuer den 22. Januar 1775 zu Poleymieux-au-Mont-d'Or bei Lyon a gestuerwen den 10. Juni 1836 zu Marseille, war e franséische Mathematiker a Physiker.
Den André-Marie Ampère war Professer fir Physik, Astronomie a Philosophie zu Paräis. Hien huet Grondlagen an der Mathematik (Probabilitéit an Differentialrechnen) an an der Chimie (Affinitéit a Volume vun de Gasen) erschafft an huet och Recherchen iwwert elektromagnéitesch Phenomener gemaach.
Mat sengen Experimenter an Iwwerleeunge sinn dem Ampère revolutionär physikalesch Entdeckunge gelong.
Hie gouf zum Grënner vun der Elektrodynamik, op däer hirer Uwendung och haut nach de Fonctionnement vun allen Generatoren a Elektromotore berout.
Zu sengen Éiere gouf d'Eenheet vun der Stäerkt vum elektresche Stroum Ampère benannt.
Den André-Marie Ampère ass ee vun den 72 Nimm um Eiffeltuerm.