Ampere (Eenheet)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Physiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Ampere ass d'SI-Basiseenheet vun der Stroumstäerkt.
- Formelzeechen: I
- Eenheetenzeechen: A
SI Définitioun vun Ampere:
- D'Eenheet vun 1 Ampere ass d'Stäerkt vun engem zäitlech konstante Stroum, deen duerch zwee am Vakuum parallel, gruedlinneg, onendlech laang 1 Meter vuneneen ewech plazéiert Leeder fléisst, tëschent dëse Leedere pro Meter Längt d'Kraaft vun 2 · 10−7 Newton ervirrifft.
D'Eenheet gouf noom franséische Physiker André-Marie Ampère benannt.