Lycée Technique de Bonnevoie
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Lycée Technique de Bonnevoie, kuerz LTB, ass eng ëffentlech lëtzebuergesch Secondaireschoul an der Stad Lëtzebuerg, déi am Quartier Bouneweg-Süd läit.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Historique
Eng Annexe vum Centre d´enseignement professionnel de Luxembourg zu Lëtzebuerg-Verluerekascht ass duerch ministeriellen Arrêté vum 5. Mäerz 1975 an d'Liewe geruff ginn. Dës Annexe gouf an de Gebaier vun der A.s.b.l. Institut Sainte-Anne installéiert. De Lëtzebuerger Staat hat dës Gebaier am Ufank gelount, huet se awer duerno kaaft, deelweis emgeännert an erweidert.
Et huet sech erausgestallt, datt dës Infrastrukturen net adaptéiert waren, fir eng ëmmer méi grouss Zuel vu Schüler ënnerzekréien.
Duerch Gesetz vum 2. Dezember 1983 gouf e fënneften technesche Lycée um Territoire vun Gemeng Lëtzebuerg an d'Liewe geruff. Dëse krut duerch groussherzoglecht Reglement vum 15. Februar 1984 den Numm "Lycée Technique de Bonnevoie".
D'Regierung krut duerch Gesetz vum 22. Juni 1984 d'Erlaabnis fir en technesche Lycée zu Bouneweg ze bauen. 1989 gouf dësen ageweit.
[Änneren] Direkteren
- Fred Sunnen
- Jean-Pierre Juttel
- Jean-Marie Wirtgen (zënter 2007)
[Änneren] Sous-Direkteren
- Jean-Marie Wirtgen
- Georges Beck (zënter 2007)
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
- Websäit vum Lycée Technique de Bonnevoie
- Arrêté ministériel du 5 mars 1975 portant création d´une annexe du Centre d´enseignement professionnel de Luxembourg à Luxembourg-Verlorenkost
- Loi du 2 décembre 1983 portant création d´un cinquième lycée technique à Luxembourg
- Règlement grand-ducal du 15 février 1984 octroyant une dénomination particulière au cinquième lycée technique de Luxembourg
- Loi du 22 juin 1984 autorisant le Gouvernement à procéder à la construction d´un lycée technique à Bonnevoie...