See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Kanal vu Korinth - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Kanal vu Korinth

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.


Dëse Geographiesartikel zu Griicheland ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.


Kaart vu Griicheland an dem Peloponnees
Kaart vu Griicheland an dem Peloponnees
Afaart an de Kanal vu Korinth vu Korinth aus gesinn
Afaart an de Kanal vu Korinth vu Korinth aus gesinn
Mëtt vum Kanal vu Korinth
Mëtt vum Kanal vu Korinth

De Kanal vu Korinth ass e 6,3 km laangen an 8 m déiwe Kanal fir d'Séischëfffahrt a Griicheland. Hien trennt dat griichescht Festland vun der griichescher Hallefinsel Peloponnes. Doduerch ass de Peloponnes zu enger richteger Insel ginn. De Kanal vu Korinth ass ee vun de schmuelste Kanäl fir Séischëfffahrtsschëffer op der Welt. Hien ass nëmme 24 m breet a verengt sech suguer op Plaze bis op 21 m. Doduerch erlaabt hien nëmmen d'Duerchfaart vu Schëffer mat engem limitéierten Tonnage an enger begrenzter Breet.

D'Duerchfahrt mat engem Schëff tëschent Fielsen, déi zu zwou Säite bis zu 84 m héich sinn, ass ganz beandrockend.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Bedeitung vum Kanal vu Korinth

De Kanal vu Korint verbënnt zënter 1893 den Saroneschen mat dem Korinthesche Golf. Duerch de Bau vum Kanal vu Korinth gëtt de Wee vun de Schëffer op hirer Route vum Ioneschen Mier an d'Agäis an ëmgedréint ëm 320 km (ronn 200 Séimeilen) verkierzt, wat et erlaabt, an engem grousse Mooss Käschten an Zäit ze spueren.

[Änneren] De Bau vum Kanal

D'Iddi vun engem Duerchbroch duerch de Peloponnees ass ural. Schonns an der antiker Zäit huet den Tyrann Penandros dervu gedreemt. An de Keeser Nero huet schonns am Joer 67 viru Christus säi gëlle Spuet als Optakt zu sengem Bau ëmgedréint. De Rescht vun der Aarbecht sollte 6000 Sklaven aus Judäa maachen. Aus dësem fir déi Zäit ambitiéise Projet gouf iewer näischt aus enger Rei vun Ursaachen.

De Bau vum Kanal vu Panama huet derfir gesuergt, datt och d'Iddi vum Kanal vu Korinth erëm opgegraff gouf. De Ferdinand de Lesseps, a säin ungaresche Frënd, de Generol Istvan Türr hunn no hiren Erfahrunge vu Panama Courage kritt a sech mat Bankieren zesummengedoen, fir dësen ambitiéise Projet ze finanzéieren. Nodeems mat der griischecher Regierung 1881 e Konzessiounsvertrag ofgeschloss gi war, gouf den Ingenieur Béla Gerster mat der Executioun vum Projet chargéiert.

De Kinnek Georg I vu Griicheland huet dunn den éischte Spuet ëmgedréint an 2100 Aarbechter hu mam Bau ugefaang. Trotz grousse Finanzschwieregkeeten ass dëse Projet 1893 zu Enn gefouert ginn.

Ronn 9000 Schëffer passéieren haut Joer fir Joer de Kanal vu Korinth.

[Änneren] Literatur

  • Gerster, Béla : L'isthme de Corinthe et son percement, Budapest, 1896

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -