Hilary Duff
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Hilary Duff ass den 28. September 1987 zu Houston (Texas) gebuer.
Eigentlech sollt hir eelste Schwester Haylie Carrière maachen. Hir éischt Suen huet si mat e puer Publicitéite gemaach. Hir éischt Roll hat si an der Mini-Serie True Woman, mee am Ofspann ass si trotzdem net ernimmt ginn. Hiren endgültegen Duerchbroch hat si mat der Hit-Serie Lizzie McGuire. Dat war déi meescht gekuckten Teenie-Serie a ganz Amerika. An Europa hat d'Seriese och grousse Succès. Bannent deeër Zäit huet si den Album Santa Claus Lane opgholl. Nom Schluss vun dëser Serie hunn d'Produzenten decidéiert datt e Film iwwer d'Lizzie McGuire soll gemaach ginn. Iwerraschend war et e grousse Succès, gad esou wéi de Song Why not, den d'Hilary selwer gesongen huet. Hiren Album Metamorphosis war N°1 an den Billboardcharts. Du koumen nach e puer Filmer eraus: Agent Cody Banks, Cinderella Story an Cheaper by the dozen. Déi Filmer hu vill Geld agespillt an hu si an de Starenolymp eropkatapultéiert.
2004 koumm hiren zweeten Album Hilary Duff eraus. Dëse koum bis op déi zweete Plaz an den Charts. Hiren nächste Film Raise your voice war net esou erfollegräich wéi hir aner Filmer.
2005 ass hire 4. Album Most wanted op N°1 gelant, an den zweeten Deel vun Cheaper by the dozen ass erauskomm. De Film ass zwar vun de Kritikeren zerrappt ginn, mee trotzdem huet e vill Suen agespillt. Si war den Teenie-Star, deen 2005 am meeschte verdéngt huet. Hir 3 Touren duerch bal all Kontinenter waren ausverkaaft.
2006 ass de Film Material Girl eraus komm, de kee ganz grousse Succès war wéi déi Filmer virdrunn.
De Video Play with fire hat um TRL Premiere a kënnt 2007 als Single eraus. An dem Joer huet si hire Parfum With love erausbruecht, deen no e puer Deeg ausverkaaft war. Am November huet si sech vun hirem, 8 Joer méi ale Frënd, Joel Maaden vu Good Charlotte getrennt. Enn 2006 ass eng Hilary-Barbie erauskomm.
Bis haut huet d'Hilary Duff iwwer 13 Milliounen CDë verkaaft, an mat hirem leschten Album huet si bis elo am September 2007 knapps eng Millioun Exemplarer verkaaft.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Filmer
1997 True Women
1998 Casper meets Wendy Playing by Heart
1999 The Soul Collector
2001 Human Nature
2002 Cadet Kelly
2003 Agent Cody Banks The Lizzie McGuire Movie Cheaper by the Dozen
2004 A Cinderella Story Raise Your Voice In Search of Santa
2005 The Perfect Man Cheaper by the Dozen 2
2006 Material Girls Tanzie Marchetta
2008 War, Inc. Foodfight!
2009 Greta
Nach keen Datum Safety Glass
[Änneren] Televisioun
2001–2004 Lizzie McGuire
[Änneren] Gaaschtrollen
2000 Chicago Hope ->1. Episod:Cold Hearts Daddio ->1. Episod:Pilot
2003 George Lopez ->als Kenzie an der 1. Episod:Team Leader American Dreams ->1. Episod:Change a Comin
2004 Frasier ->als Britney an der 1. Episod:Frasier-Lite
2005 Joan of Arcadia ->als Dylan Samuels an der 1. Episod:The Rise & Fall of Joan Girardi George Lopez ->als Stephanie an der 1. Episod:George's Grand Slam
2006 Rebelde ->spillt sech selwer an der 1. Episod
2007 The Andy Milonakis Show ->spillt sech selwer an der 1. Episod
[Änneren] Discography
[Änneren] Offiziel Studio Albumen
- 2002: Santa Claus Lane (no.154 Billboardcharts U.S.) ->iwwer 1 Millioun verkaaften Exemplairen weltwäit
- 2003: Metamorphosis (no.7 Worldcharts) ->iwwer 5 Millioune verkaaften Exemplairen weltwäit
- 2004: Hilary Duff (no.? Worldcharts // no.2 Billboardcharts U.S.) ->iwwer 4-5 Millioune verkaaften Exemplairen weltwäit
- 2007: Dignity (no.2 Worldcharts) ->(vu Mäerz bis September 2007) iwwer 800.000 verkaaften Exemplairen weltwait
[Änneren] Anner Albumen
- 2005: Most Wanted (no.1 Worldcharts) ->iwwer 6 Millioune verkaaften Exemplairen weltwäit
- 2006: 4Ever (nëmmen an Italien erauskomm // no.14 Italy Charts) 100.000 Exemplaire verkaaft