Charles Reichling
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Charles Reichling, gestuerwen am Dezember 1980, war e lëtzebuergeschen Diplomat an en iwerzeegten Europäer.
Hie war Kabinettchef vum Albert Wehrer, deem éischte Member vun der Héijer Autoritéit vu der CECA an huet an deer Functioun 1952 e wichtegen Beitrag bei der Installatioun zu Lëtzebuerg vu den Organe vun der CECA geleescht. A senger Untrëttsried, den 10. August 1952 am Staadter Cercle, huet de Jean Monnet d'Mérite vum Charles Reichling bei der Installatioun vun der CECA unerkennend ervirgehuewen.
De Charles Reichling war och Lëtzebuerger Vertrieder beim Hellege Stull. De 14. Dezember 1979 huet hien dem deemolege Poopst Jean-Paul II. säi Beglaubegongsschraiwen iwwerreecht.