See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Bruges - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Bruges

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.


Dëse Geographiesartikel iwwer d' Belsch ass eréischt eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Bruges
Brugge
Land: Belsch
Regioun: Flandern
Communautéit: Flämeschprocheg Communautéit
Provënz: Westflandern
Arrondissement: Bruges
Fläch: 138,40 km²
Awunner: 117.224 1. Januar 2006
Bevëlkerungsdicht: 847/km²
Koordinaten: 51° 12’ 00’’ N
03° 13’ 00’’ O

Bruges (nl:Brugge) ass eng belsch Stad an der Provënz Westflandern. Si huet eppes iwwer 117.000 Awunner. Hire Stadkär gouf am Joer 2000 vun der UNESCO op d'Lëscht vun der Weltierfschaft gesat.

[Änneren] Geographie a Lag

Quartiere vun der Gemeng Bruges
Quartiere vun der Gemeng Bruges

Bruges läit eng ronn 11 Kilometer vun der Nordséi ewech, an huet en direkten Zougank op d'Mier iwwer de Boudewijnkanaal.

[Änneren] Quartiere vun der Gemeng

  • Stadkär, Sint-Jozef a Sint-Pieters (I)
  • Koolkerke (II)
  • Sint-Andries (III)
  • Sint-Michiels (IV)
  • Assebroek (V)
  • Sint-Kruis (VI)
  • Dudzele (VII)
  • Lissewege (+ Zeebruges + Zwankendamme) (VIII)

[Änneren] Geschicht

Maartplaz
Maartplaz
(Rozenhoedkaai)
(Rozenhoedkaai)
Maartplaz mat sengen Restauranten
Maartplaz mat sengen Restauranten
Belfort
Belfort
(Concertgebouw)
(Concertgebouw)
Gracht
Gracht

Bruges gouf am 9. Joerhonnert vum Baudouin I. e Vassal vum Charles de Plakapp als Festung opgeriicht, fir sech géint d'Invasioun vun de Normanne kënnen ze wieren.

Am Ufank vum 10. Joerhonnert hu sech am Norden an am Süde Geschäfter etabléiert, a vun 960 un gouf och reegelméisseg e Maart ofgehalen.

Vun 1127 un hat Stad eng Charta an e Schäffegeriicht. Déi éischt Rankmauere waren och gebaut. Well d'Stad sech séier vergréissert huet, hu missten am 13. Joerhonnert nees nei Mauere ronderëm gebaut ginn.

Bruges war duerch e Mieresarem dee bei enger Sprangflut enstane war, duerch déi d' Mëndung vum der Reie vergréissert gouf, mat der Nordséi verbonnen.

Am Ufank vum 13. Joerhonnert war de groussen Duerchbroch, den Handel an d'Industrie, haaptsächlech d' Duchindustrie stoungen an der grousser Bléi, an um Héichpunkt vu sengem Opschwonk hat Bruges déitäit un déi 40.000 Awunner. De Pouvoir blouf awer an den Hänn vun den Geschäftsleit, déi op der aner Säit d'Handwierker géint sech haten, déi net sou räich waren, awer vum Grof ënnerstëtzt goufen.

Doduerch datt de Grof ëmmer a Streidereie mat Frankräich verwéckelt war, sinn zwou grouss Parteien entstanen. D'Patrizier déi zum Kinnek vu Frankräich gehalen hunn, an d'Handwierker, déi sech ëm de Grof vu Flandern versammelt hunn.

An deem Moment wou d'Stad d'Spëtz vum Handel erreecht hat, huet de Kinnek vu Frankräich de Philippe de Schéinen, Flandern besat, an huet de Grof gefaange geholl, an an de Prisong gehäit.

Mee d'Vollek huet sech revoltéiert, an 1302 goufen d'Patrizier massakréiert. Dëse Massaker ass an d'Geschicht agaangen ënner dem Numm Matines brugeoises. D'Fransouse goufen dunn nach zu Courtrai an der Bataille des Éperons d'Or geklappt. Domatter war d'Oligarchie vun den Händler gebrach, an d'Gilden an d'Korporatioune, konnte mathëllefen d'Stad regéieren.

D' 14. Joerhonnert war fir Bruges e gëldent Joerhonnert. Do gouf Woll no allen Noute stockéiert, all Hansestad hat e Sëtz zu Bruges, an net manner wéi 17 Natiounen haten Handelsvertriedungen zu Bruges.

An deem Joerhonnert hunn d'Herzoge vu Burgund keng Méi gescheit vir Bruges op Topniveau ze bréngen. Si hu grouss Fester an Turnéieren organiséiert, bei deenen alles wat Rang an Numm an Europa hat, vertruede war.

Um Enn vum 14. Joerhonnert ass et mat Bruges lues a lues biergaf gaangen. Den Zwin dee Bruges bis dohinner mat der Nordséi verbonne hat, ass lues a lues verlant, d'Schëffer konnten net méi bis op Bruges kommen, an Antwerpen huet sech als haarde Konkurrent bemierkbar gemaach.

Wéi du schliislech no de Burgunder, d' Éisträicher do Meeschter waren, huet de Maximilian vun Éisträich, sou gutt wéi d'Doudesurteel iwwer Bruges gesprach, andeems en den Händler ordonnéiert huet sech zu Antwerpen nidderzeloossen.

Wéi den Zwin definitif 1604 zougemaach gouf, ass vu Bruges net méi vill riets gaangen, bis 1892 duerch de Roman Bruges la Morte vum Georges Rodenbach, Bruges praktesch erëm nei entdeckt gouf, a sech zu enger Touristestad entwéckelt huet, déi haut op deem Gebitt eng vun de bekannteste vun der Welt ass.

[Änneren] Hafen

Zeebruges (Hafe Bruges-Zeebruges)

[Änneren] Schoulen a Bildung

  • De Collège d'Europe zu Bruges ass eng bekannt Europäesch Universitäit, déi vun der Europäescher Unioun ënnerstëtzt gët.

[Änneren] Kuckeswäertes

[Änneren] D'Stadhaus

Op der Burg-Plaz, steet ënner anerem d'Stadhaus dat tëscht 1376a 1420 am gothesche Stil gebaut gouf. Am gothesche Sall gëtt et historesch Molereien ze kucken an en dekoréierten hëlze Plafong. Am Geschichtssall ass eng Kollektioun vun Objeten, Dokumenter an Tableauen ze gesinn déi vun der Vergaangenheet vu Bruges erzielen.

[Änneren] D'Stadschreiwerei

Lénks vum Stadhaus ass déi al Stadschreiwerei déi am Renaissancestil tëscht 1534 a 1537 gebaut gouf. Do ass de Musée provincial du Franc de Bruges dran. Eng Schminni mat enger Alabasterfris erzielt aus dem Liewe vum Charel de V.

[Änneren] D'Basilika zum Hellege Blutt

[Änneren] D'Vogtei

[Änneren] De Musée Gruuthuse

[Änneren] D'Kierch Notre-Dame

[Änneren] D'Klouschter Béguinage de la Vigne

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Commons: Bruges – Biller, Videoen oder Audiodateien


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -