See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Auguste Charlois - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Auguste Charlois

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Den Auguste Honoré Pierre Charlois gebuer de 26. November 1864 zu La Cadière am Departement Var a gestuerwen den 26. Mäerz 1910 zu Nice, war e franséischen Astronom.

A senger Aarbechtszäit huet hien am Observatoire zu Nice 99 Asteroiden entdeckt. Säin éischten Asteroid huet hien 1887 fonnt. Et war den (267) Tirza Hien huet och den Asteroid (433) Eros fotograféiert, an der Nuecht vu senger Entdeckung duerch de Gustav Witt. De Witt konnt zwar als éischte seng Entdeckung bekanntmaachen, so datt se him zougesprach gouf.

De Charlois huet seng Sich no den Asteroiden nach während der Ära vun de visuellen Observatiounen um Teleskop ugefaangen. Den däitschen Astronom Max Wolf hat ëm 1891 d’fotografescht Verfahre fir den Asaz an der Astronomie verbessert an och fir d’Entdeckung vun Asteroiden agesat. Asteroide hunn - am Vergläich zu den Stären - eng grouss Eegebeweegung an erschéngen op laang beliichten Himmelsfotoen als Strichspur.

De Charlois huet dat fotografescht Verfahren iwwerholl, an huet an de folgende Joren zesumme mam Wolf méi Asteroiden entdeckt, wéi dat duerch visuell Observatioune méiglech gewiescht wier.

De Charlois gouf am Alter vu 45 Joer vu sengem éischte Schwoer (de Brudder vu senger éischter Fra), deen net konnt iwwerwannen, datt de Charlois sech nees bestuet huet, ermuert. Säi Mäerder ass zu liewenslänglecher Zwangsaarbecht an Neikaledonien veruerteelt ginn.

Dem Charlois zu Éieren krut den Asteroid 1510 den Numm Charlois.

[Änneren] Um Spaweck

Courte biographie sur le site de l'observatoire de Nice

[Änneren] 99 Asteroiden

Den Auguste Charlois huet 99 Asteroiden entdeckt.



aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -