Arthur C. Clarke
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Sir Arthur Charles Clarke, gebuer de 16. Dezember 1917 zu Minehead, engem Stiedchen an der Grofschaft Somerset, a gestuerwen den 19. Mäerz 2008 zu Colombo der Haaptstad vu Sri Lanka, war en englesche Schrëftsteller.
De Clarke ass ee vun de groussen Auteure vun der Science Fiction-Literatur.
[Änneren] Säi Liewen
Den Arthur war dat eelste vu véier Kanner vum Charles Wright Clarke a senger Fra, der Mary Nora Willis.
Hien hat eng Dauchschoul.
[Änneren] De Clarke an den "2001: A Space Odyssey"
1951 koum an der Anthologie "10 Story Fantasy" dem Clarke seng Kuerzgeschicht "The Sentinel" ënner dem Titel "Sentinel of Eternity" eraus. Et war u sech eng einfach Geschicht iwwer en Artefakt, deen op der Spëtz vun engem Bierg um Äerdmount fonnt gouf, a bei deem et sech eraustellt, datt e vun héichentwéckelten Aliens, Millioune vu Joer virdru geschafe gouf. Déi Geschicht war den Ausgankspunkt fir d'Dréibuch vum Film 2001: A Space Odyssey, dat de Clarke zesumme mam Stanley Kubrick geschriwwen huet.
Eréischt nodeems de Film fäerdeg war, huet de Clarke eleng e Roman geschriwwen, dee sech op dat Dréibuch stäipt.