See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Arnulf vu Metz - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Arnulf vu Metz

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Den Arnoul oder Arnulf vu Metz, och Hellegen Arnoul/Arnulf genannt, gebuer géint 582 zu Lay-Saint-Christophe a gestuerwe 640 bei Remiremont, war Bëschof vu Metz. Hien huet ënnert dem Pippin dem Eeleren an Austrasien geherrscht, éier en an d'Klouschter Saint-Mont agetrueden ass. Hien huet d'Dynastie vun den Arnulfinger gegrënnt, déi mat de Pippiniden alliéiert waren, a war de Karolinger hiren Haushellegen.

[Änneren] Säi Liewen

Iwwert dem Arulf seng Virfaren ass näischt bekannt. 612 huet den Arnulf sech zum Geeschtleche weie gelooss, nodeems seng Fra, d'Doda, an d'Klouschter gaangen war. Nieft senge politeschen Ämter, déi en hat, gouf e 614 zum Bëschof vu Metz ernannt.

Zësumme mam Pippin dem Eeleren huet hie sech 613 mam neustresche Kinnek Chlothar II. zesumme gedoen, fir der Wittfra vum Kinnek Sigibert I., d'Brunichild, déi an Austrasien an an der Bourgogne un der Muecht war, meeschter ze ginn. Si hunn d'Brunichild gestierzt, an de Chlothar gouf Meeschter vum ganze Frankeräich. Am Edictum Chlotharii huet hien awer dem austrasesche Adel garantéiert, hir Pouvoiren net a Fro ze stellen.

Den Arnulf gouf Conseiller um Chlothar sengem Haff. Wéi dem Chlothar säi Jong Dagobert I. mat 15 Joer Ënnerkinnek vun Austrasie gouf, ass den Arnulf säin Erzéier ginn. Den Dagobert ass 629 an Neustrien gaange fir Herrscher vum Frankeräich ze ginn, an domatter haten den Arnulf an de Chlotar net méi vill ze dinn. Den Arnulf huet sech an d'Klouschter zu Remiremont an de Vogesen zeréckgezunn, wou en ëm 640 gestuerwen ass. Hie gouf do begruewen, méi spéit gouf en op d'Metz an d'Kierch St. Arnulf ëmgeluecht.

[Änneren] Nokommen

Den Arnulf vu Metz war Papp vun zwéi Jongen:

  • De Chlodulf, deen ëm 660 och Bëschof vu Metz war
  • Den Ansegisel, deen 662 attestéiert ass, viru 679 erschloe gouf, an deen d'Begga, d'Duechter vum Pippin den Eelere bestuet huet.

[Änneren] Um Spaweck


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -