See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
André Franquin - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

André Franquin

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Den André Franquin gebuer den 3. Januar 1924 zu Bréissel, a gestuerwen de 5. Januar 1997 zu Nice) war e belsche Comiczeechner.

Dem Carlsen-Verlag no ass de "Franquin nieft dem Hergé dee wichtigste stilprägende Comic-Zeechner vun Europa".

[Änneren] Biographie

No enger Ausbildung vun engem Joer an der Ecole Saint-Luc zu Saint-Gilles schafft de Franquin als Trickfilmzeechner am Studio CBA. Bäi dëser Aarbecht léiert heen aner Zeechner kennen, esou z.B. de Morris, de Peyo an den Eddy Paape.

Zënter 1946 schafft hie fir d'Editions Dupuis, déi d'Comicheft Spirou erausbruecht hunn.

De Franquin war verantwortlech fir d'Titelblat vum Heft an huet geschwënn drop d'Serie Spirou et Fantasio iwerholl, déi 1938 vum Rob-Vel krééiert gouf an zënter 1944 vum Jijé gezeechent gouf. Mee eréischt wéi de Franquin d'Serie iwerholl huet krut se hiert typescht Erschéngungsbild. De Franquin huet och eng Abberzuel Niewecharaktere an d'Serie agefouert.

De Gaston ande Marsupilami, Ausstellungspanneau
De Gaston ande Marsupilami, Ausstellungspanneau

Déi wichtegst Figuren, déi de Franquin erfonnt huet, dat ware sëcherlech de Marsupilami an de Bureausjong Gaston Lagaffe. De Marsupilami hat säin éischten Optrëtt am Journal de Spirou (Les Héritiers de Spirou), den 31. Januar 1952 an de Gaston den 28. Februar 1957.

No engem Sträit mam Spirou-Chef Charles Dupuis iwert d'Rechter u sengen Albumen huet de Franquin sech verpflicht, fir d'Heft Tintin eng Serie ze zeechnen. Vun 1955 bis 1959 ass esou d'Serie Modeste et Pompon entstanen. De Sträit mam Dupuis war awer geschwënn nees vergiess, esou datt de Franquin dunn an deer ongewéinlecher Situatioun war, direkt bäi zwou Editiounen eng Serie erauszebréngen.

Enn 1957 huet de Gaston eng eege Serie am Journal de Spirou kritt (virdrun ass e just sporadesch nieft verschidennen Artikelen opgedaucht). De Franquin war elo responsabel fir dräi Serien, heen huet d'Titelblat gezeechent an nach aner Beiträg illustréiert.

Trotz der Ënnerstëtzung duerch Assistenten (ënnert hinnen de Jidéhem an de Greg) ass de Franquin am Dezember 1961 zesummengebrach. Heen hat eng schwéier Depressioun, an eng nervös Gielzecht ass nach derbäi komm. De Franquin huet wärend foffzéng Méint d'Serie Spirou et Fantasio ënnerbrach, just um Gaston huet hee sech erlaabt nach weiderzeschaffen.

1963 konnt heen erëm voll mat senger Aarbecht weiderfueren. Als éischt huet heen dat ugefaangent Spirou et Fantasio-Abenteuer zu Enn bruecht, fir d'Serie dunn un de Jean-Claude Fournier ofzeginn. De Franquin wollt sech ganz op seng Lieblingsfigur, de Gaston, konzentréieren.

Nach ëmmer vun Depressioune geplot, zeechent de Franquin vun 1977 un d'Serie Idées Noires. Si gëtt an der Heft-Beilag Trombone Illustré publizéiert, déi de Franquin zesumme mat Yvan Delporte produzéiert huet. Dës Beilag ass et just eng kuerz Zäit laang ginn, mee si huet wesentlich zur Entwécklung vun de modernen europäesche Comics fir Erwuessener bäigedroen. Nom Enn vum Trombone Illustré am Oktober 1977 sinn d'Idées Noires am Heft Fluide Glacial weider publizéiert ginn.

Vun 1982 bis 1985 ass de Franquin nees schwéier depressiv a komplett onfäeg fir ze schaffen. Enn 1986 fänkt heen erëm un, e puer Gaston-Episoden ze zeechnen. 1987 bréngt heen den Album La queue du marsupilami eraus, zesummen mam Greg a mam Yann (Text) a mam Batem (Zeechnungen).

1992 ass et definitiv eriwer, de Franquin trëtt seng Rechter um Gaston, un de Monstres an un den Idées Noires u Marsu Productions of.

De 5. Januar 1997 stierft de Franquin un engem Herzinfarkt. All franséisch Zeitungen schreiwen doriwer op hierer Titelsäit. Alleguerte soen se engem groussen Zeechner an Humorist äddi.

[Änneren] Literatur zum Thema

  • Sadoul, Numa, Das große André Franquin Buch, Carlsen Verlag, 1989.
  • Schnurrer, Achim (Ersg.), Die Kunst des André Franquin, Edition Kunst der Comics, 1988.

[Änneren] Um Spaweck


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -