See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Gaston Lagaffe - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Gaston Lagaffe

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

De Gaston Lagaffe (an Iwwersetzungen och nach bekannt als Guust Flater (hollännesch) oder Viggo (norwegesch)) ass eng Comicfigur aus dem Heft Spirou. Gezeechent gouf de Gaston vum André Franquin, vum 28. Februar 1957 bis zu sengem Doud 1997.

Gaston Lagaffe

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Geschicht a Geschichten

De Gaston ass Bureausjong an der Redaktioun vun den Editions Dupuis (dee Verlag existéiert wierklech zu Marcinelle an der Belsch). Bäi sengen éischten Optrëtter stong de Gaston an der Redaktioun just an der Géigend erëm, wat all Mënsch intrigéiert huet, bis datt de Spirou sech en Häerz gefaasst huet an hien zu Rieds gestallt huet:

- Wee sidd däer?
- De Gaston.
- Wat maacht däer hei?
- Ech woarden.
- Op wat woart däer?
- Weess net... Ech woarden...
- Ween huet ierch geschéckt?
- Et huet een mer gesot ze kommen...
- Ween?
- Weess net méi...
- Dir sollt kommen fir wat ze maachen?
- Fir ze schaffen...
- Wéi ze schaffen?
- Weess net... ech sinn agestallt ginn...
- Mee däer sidd sécher datt et hei war wou der sollt kommen?
- Beuh...

(Zitat: Spirou n°990 vum 4. Abrëll 1957)

Gaston Lagaffe-Statu zu Bréissel
Gaston Lagaffe-Statu zu Bréissel

De Gaston hat am Ufank keng eege Série am Spirou, hee war souzesoen en Held ouni Aarbecht. Heen ass just an eenzelenen Szene vun der Serie Spirou a Fantasio opgedaucht. D'Figur ass bäim Lieser gutt ukomm an esou krut de Gaston Enn 1957 (Spirou n°1025) dann awer nach seng eege Série.

De Gaston ass e léiwen an ëmmer hëllefsbereete Chaot, dee virun allem opfällt duerch seng ausgefalen Experimenter an Erfindungen (déi dacks net ganz klappen), seng Musek um Gaffophone (heen huet dat Instrument selwer erfonnt), seng Léift zu den Déieren (heen huet eng Kaz, eng Laachméiw, e Fësch, eng Maus an en Igel bäi sech op der Aarbecht) a seng latent Middegkeet um Bureau.

D'Serie vum Gaston ass u sech eng Persiflage vum Alldag an der Redaktioun. Et gëtt eng Hellewull Running Gags, wéi z.B.:

  • den Här de Mesmaeker, deen ni dozou kënnt, gewësse Kontrakter mat den Editions Dupuis ofzeschléissen;
  • dem Gaston seng Fiat 509 vun 1925, déi bal auserneenfällt;
  • de Krich vun de Parkaueren, deen de Gaston géint de Polizist Longtarin féiert;
  • de risege Cactus vu senger Tatta Hortense;
  • etc.

A verschiddene Planchen thematiséiert de Franquin, wat him perséinlech um Häerz louch: Ëmweltschutz a Pazifismus.

D'Comic-Serie gouf mat ville Präisser ausgezeechent, dorënner och en Extrapräis vum Internationale Comic-Salon Erlangen fir dem Franquin säi Liewenswierk.

Fir de 50. Anniversaire vun der éischter Publikatioun ze commémoréieren, hat d'Stad Bréissel déi originell Iddi, den 28. Februar 2007 um Gebitt vun hirem Territoire, als Hommage um Gaston seng Parkauerphobie, d'Parke fir een Dag gratis ze maachen.

[Änneren] Albumen

D'Serie vum Gaston aus Spirou ass och als Rei vu Sammelalbumen erauskomm. D'Numeréierung ass awer esou chaotesch, datt se vum Gaston selwer kéint sinn. Esou koum et esouguer zur Legend, et wier ni en Album Nummer 5 ginn. Dat koum doduerch, well déi éischten Albumen iergendwann rééditéiert gi sinn (ze erkennen um "R"), esou datt een an de Librairieën just nach d'Albumen R1, R2, R3, R4 a 6 bis 13 ze kafe krut. An engem klenge Format gouf et awer schonns en Album Nummer 5 (zu deem Zäitpunkt scho laang vergraff).

Hei d'chronologesch Reiefolleg vun de Gaston-Albumer:

  • 1960:    - Gaston
  • 1963: 2 - Gala de gaffes
  • 1964: 3 - Gaffes à gogo
  • 1965: 4 - Gaffes en gros
  • 1966: 1 - Gare aux gaffes (offiziell eng Rééditioun vum éischte Gaston, mee dat stëmmt manifestement net)
  • 1967: 5 - Les gaffes d'un gars gonflé
  • 1968: 6 - Des gaffes et des dégats
  • 1969: 7 - Un gaffeur sachant gaffer
  • 1970: 8 - Lagaffe nous gâte
  • 1970: R1 - Gala de gaffes à gogo (eng Rééditioun vun de Nummeren 2 an 3)
  • 1971: 9 - Le cas Lagaffe
  • 1972: 10 - Le géant de la gaffe
  • 1972: R2 - Le bureau des gaffes en gros (eng Rééditioun vum Nummer 4, plus Inéditen)
  • 1973: 11 - Gaffes, bévues et boulettes
  • 1973: R3 - Gare aux gaffes du gars gonflé (eng Rééditioun vun de Nos 1 an 5)
  • 1974: 12 - Le gang des gaffeurs
  • 1974: R4 - En direct de la gaffe (Inéditen)
  • 1979: 13 - Lagaffe mérite des baffes
  • 1982: 14 - La saga des gaffes
  • 1985: 0 - Gaffes et gadgets (eng Rééditioun vum Album ouni Nummer, plus Inéditen)
  • 1986: R5 - Le lourd passé de Lagaffe (Inéditen)
  • 1996: 15 - Gare à Lagaffe (dräizéng nei Planchen, plus Inéditen)

Fir dem Gaston säi véierzegste Gebuertsdag 1997 décidéieren d'Editions Dupuis, fir nach eng Kéier all d'Planchen erauszebréngen. Esou gëtt et also eng Edition Définitive vun uechtzéng Albumer, déi numeréiert si vun 1 bis 18. 1999 kënnt e ganz neien Album No 19 eraus, mat weideren Inéditen.

Donieft gëtt et awer och nach eng Editioun J'ai lu, wou den No 1 den 2 vum Original-Gaston ass, den 2 den 3, den 3 den R2, de 4 de 4, de 5 de 5, de 6 de 6, de 7 den R4+R5... Et ass fir gaga ze ginn.

Spezial-Albume gëtt et och eng Rëtsch, ugefaang mam Gaston et le Marsupilami vun 1978. Dann hu mer do nach de faméise Baston No 5 La Ballade des Baffes (1983), wou eng ganz Rei Comic-Zeechner sech zesummegedoen hunn, fir en Album No 5 ze schafen. Och net ze vergiessen ass de Gaston fou du bus vun 1987, wou de Gaston Reklamm mécht fir d'UTP (Union des Transports Publics - Belgique). Spéider gëtt et och Editioune fir RATP, CTS, STP, RTM, TCL, etc.

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -