Alix vu Lëtzebuerg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D’Prinzessin Alix vu Lëtzebuerg gebuer de 24. August 1929 um Schlass zu Kolmer, ass dat jénkste Kand vun der Groussherzoging Charlotte an hirem Mann dem Prënz Felix. Si ass d'Tata vum Groussherzog Henri.
D’Prinzessin ass zesumme met hire Gesëschter um Schlass vu Kolmer grouss ginn. Wéi Lëtzebuerg 1940 vun der Wehrmacht besat gouf ass si mat hiren Eltere fir fënnef Joer an den Exil gangen, a Portugal, Vereenegt Staaten, England an an de Kanada.
Si huet sech 1950 zu Lëtzebuerg mat dem Antoine de Ligne bestued deen aus enger adleger belscher Famill koum. Den Antoine de Ligne war ausserdeem Pilot an der R.A.F. am Zweete Weltkrich gewiescht, a Member vun enger Expeditioun vu 17 Méint op de Südpol.
Si hunn am Schlaas vu Beloeil an der belscher Provënz Hainaut gewunnt a krute siwe Kanner, an 10 Kandskanner.
- Michel (gebuer 1951), Chef vum Haus de Ligne zënter dem Doud vu sengem Papp am August 2005 a bestuet mat der Éléonore d'Orléans-Bragance,
- Wauthier (gebuer 1952), bestuet mat der Régine de Renesse,
- Anne (gebuer 1954), gescheet vum Olivier Mortgat,
- Christine (gebuer 1955), bestuet mat dem Antoine d'Orléans-Bragance,
- Sophie (gebuer 1957), gescheet vum Philippe de Nicolay,
- Lamoral (gebuer 1959), bestuet mat der Minthia de Lannoy,
- Yolande (gebuer 1964), bestuet mat dem Hugo Townsend.
D'Prinzessin Alix gouf fir d'éischt Urgroussmamm de 5. Juli 2006 wéi de Barong Antoine Gillès de Pélichy op d’Welt koum. Dësen ass de Bouf vum Barong Baudouin Gillès de Pélichy an der Prinzessin Elisabeth de Ligne.