Privacy Policy e Contatti

Static Wikipedia 2008 - No banners
Wikipedia FOR SCHOOLS: EN [IMAGES - PAGES] - ES [IMAGES - PAGES] -FR-[IMAGES - PAGES] - PT -[IMAGES - PAGES] -
See also: https://www.wikipediaforschools.com
Project Gutenberg TXT Files: 0 1 2 3 4 5 6 7 8 9 cache retired
Other HTML Static Wikipedia(s): 2008-03 - 2008-06
2007-04 - 2007-08 - 2007-09 - 2006-11 - 2006-12



Codice Sconto: E463456

This WebPage/Resource is provided by https://www.classicistranieri.com

Groussbritannien an Nordirland - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Groussbritannien an Nordirland

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.


United Kingdom of Great Britain and Northern Ireland

Union Jack

Wope vum Vereenegte Kinnekräich vu Groussbritannien an Nordirland

Detailer

Detailer
National Devise: Dieu et mon droit
(Devise vun der Monarchie)
Offiziell Sprooch: Englesch (de facto)
Haaptstad: London
Staatsform: Konstitutionell Monarchie
 • Kinnigin: Elizabeth II.
 • Premierminister: Gordon Brown
Fläch: 242 495 [1] km²
 • Dovu Waasser: 1,3 %
Bevëlkerung: 60 587 300 [2]
 • Bevëlkerungsdicht: 250/km²
Nationalfeierdag: 2. Samschdeg am Juni
(Gebuertsdag vun der Kinnigin)
Nationalhymn: God Save the Queen
(Lauschteren)
Währung: Pond-Sterling (£, GBP)
Zäitzon: UTC +0
Internet TLD: .uk, .gb (net am Gebrauch)
International Virwahl: +44

D'Vereenegt Kinnekräich vu Groussbritannien an Nordirland (englesch: United Kingdom of Great Britain and Northern Ireland), op lëtzebuergesch dacks mat Groussbritannien ofgekierzt, ass e souveräne Staat op den am Nordweste vun Europa geleeëne briteschen Inselen. Dozou gehéieren d'Insel Groussbritannien, den nordëstleche Wupp vun der irescher Insel an eng sëlleche méi kleng Inselen. Den haitege Staat ass eng politesch Unioun tëscht de véier Deelstaaten England, Wales, Schottland (allen dräi op der Insel Groussbritannien) an Nordirland (Insel Irland). D'Grenz tëscht Nordirland an der Republik Irland ass déi eenzeg Staatsgrenz iwwer Land. Natierlech Grenze maachen den Atlanteschen Ozean, d'Irescht Mier, d'Nordmier an den Äermelkanal (Manche). D'Insel Groussbritannien ass mam Tunnel ënnert der Manche mat Frankräich verbonn.

D'Vereenegt Kinnekräich ass eng parlamentaresch Demokratie a konstitutionell Monarchie. De Regierungsëtz ass zu London, der Haaptstad vum Land. Staatschefin ass d'Kinnigin Elizabeth II. D'Kroundépendancen (crown dependency) Isle of Man an d'Kanalinselen Jersey a Guernsey si formell am direkte Besëtz vun der britescher Kroun, gehéieren awer net zum Staat. D'Vereenegte Kinnekräich huet d'Souveränitéit iwwer 14 Iwwerséigebidder, déi meescht dovunner si fréier Krounkolonien déi aus ënnerschiddlechen Ursaachen ni onofhängeg gi sinn. Aner Lännereien an Deeler vum fréiere briteschen Imperium sinn haut onofhängeg Staaten oder goufe wéi fir d'lescht 1997 Hong Kong (zënterhier nees chinesesch), un aner Staaten ofginn. Den historeschen Afloss deen d'britesch Expansiounspolitik op grouss Deeler vun der Welt hat, huet sech an der Kultur a Sprooch vu Länner wéi Kanada, Australien, Neiséiland, Indien, Pakistan, Südafrika, de Vereenegte Staate vun Amerika an aneren, global manner aflossräichen onofhängege Staaten niddergeschloen.

D'Vereenegt Kinekräich ass bis haut iwwer d'Monarchie a Personalunioun mat 15 souveräne Staaten. Dës sougenannt Commonwealth Realms ("Kinnekräicher vum Commonwealth") si Länner an deenen d'britesch Monarchin Kinnigin an offiziell Staatschefin bliwwen ass. Do dernieft huet d'Kinnekräich mam Commonwealth of Nations eng international Institutioun geschaf fir de politesche Kontakt mat -an der Majoritéit- Nofolgerstaaten vu fréieren Territoiren aus imperialer Zäit ze halen.

D'Vereenegt Kinnekräich huet ronn 60,6 Milliounen Awunner an ass eent vun de gréisste Memberlänner vun der Europäescher Unioun. D'Brite sinn zënter 1973 an der Unioun.

D'Kinnekräich ass e G8-Staat a Grënnnungsmember vun der NATO an de Vereente Natiounen. D'Atommuecht huet e permanente Sëtz am Sécherheetsrot.

[Änneren] Den Numm

Den offizielle Staatsnumm op Englesch ass United Kingdom of Great Britain and Northern Ireland. D'Brite selwer hunn awer éischter United Kingdom, Britain oder UK am alldeegleche Gebrauch wa se vun hirem Land schwätzen.

Den offizielle Staatsnumm an de Sproochen déi der Europäescher Charta fir Regional- oder Minoritéitssproochen no regional vum Vereenegte Kinnekräich unerkannt gi sinn:

  • Teyrnas Unedig Prydain Fawr a Gogledd Iwerddon (Walisesch)
  • An Rìoghachd Aonaichte na Breatainn Mhòr agus Eirinn a Tuath (Schottesch)
  • Ríocht Aontaithe na Breataine Móire agus Thuaisceart Éireann (Irlännesch)
  • An Rywvaneth Unys a Vreten Veur hag Iwerdhon Glédh (Kornesch)
  • Unitit Kinrick o Great Breetain an Northren Ireland (Scots)

Am Lëtzebuergesche gëtt -grad ewéi an enger Rëtsch aner Sproochen- vill vu "Groussbritannien", dacks esouguer nach vun "England" geschwat wann d'Vereenegt Kinnekräich gemengt ass. Groussbritannien ass reng geographesch gesi falsch, well et eben och den offiziellen Numm vun der gréisster vun de briteschen Inselen ass. Zu der Insel Groussbritannien gehéiere just England, Wales a Schottland. Dee véierte Landesdeel, Nordirland läit dogéint op der Insel Irland.

De "Great" am Great Britain kënnt vum franséische Grande Bretagne a markéiert den Ënnerscheed zu der franséischer Bretagne. De laténgesche Numm Britannia geet op d'keltescht Wuert "Brith" fir faarweg oder fleckeg zréck.

[Änneren] Notizen a Referenzen

  1. Source: Encyclopedia Britannica online (Abrëll 2008)
  2. Zuele fir 2006 (statistics.gov.uk).
    Bei der leschter Volllekszielung, den 29. Abrëll 2001, goufen 58 789 194 Awunner gezielt. Source: Office for National Statistics, Census 2001

[Änneren] Kuckt och

Commons: Vereenegt Kinnekräich – Biller, Videoen oder Audiodateien

[Änneren] Um Spaweck

Dëse Geographiesartikel iwwer d´Vereenegte Kinnekräich vu Groussbritannien an Nordirland ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

Aner Sproochen

Codice Sconto: E463456

Static Wikipedia (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -