Albrecht Dürer
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Albrecht Dürer, gebuer den 21. Mee 1471 zu Nürnberg on och do gestuerwen den 6. Abrëll 1528 war een däitsche Moler, Graphiker an Auteur.
Bäi sengem Papp deen aus Ungarn war, huet den Albrecht Dürer d'Handwierk vum Goldschmatt geléiert an hien ass duerno beim Nürnberger Moler Michael Wolgemut an d'Léier gaang. Während enger fënnefjäreger Wanderschaft (Mëttelrhäin, Holland, Basel a Stroossbuerg) huet hie seng Fähegkeete perfektionéiert.
1494 koum den Albrecht Dürer op Nürnberg zréck, huet d'Agnes Frey bestuet, an huet seng éischt Rees an Italien gemaach.
1498, nodeems hie säin eegenen Atelier ageriicht hat, ass säin éischte Graphikzyklus, 15 Holzschnëtter iwwer d'Apokalyps erauskomm.
Den Dürer huet de Schwéierpunkt a sengem weidere Schaffen op déi reliéis Theme geluecht.
Vu 1512 un huet den Dürer vill fir de Keeser Maximilian I. geschafft, virun allem d' Randzeechnunge vum keeserleche Gebietbuch.
[Änneren] Galerie
Portrait vun engem Mann virun engem grengen Hannergronn(1497) |
Portrait vum Oswolt Krel (1499) |
Portrait vum Friedrich der Weise' (1500) |
||
Portrait vum Jacob Muffel (1526) |
Jongt Kannengschen(1502) |
D'Gebiet(1508) |
||
Ritter, Dout an Däiwel (1513) |
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Albrecht Dürer – Biller, Videoen oder Audiodateien |