Resistenz zu Lëtzebuerg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wéi Lëtzebuerg am Joer 1940 vu Nazi-Däitschland annektéiert gouf, huet lues an lues ugefaange, dat Nationaalt Bewosstsinn ze erwächen. Ab 1941 hu sech di éischt Resistenzlergruppe wéi de Lëtzeburger Ro'de Lé'w oder d'PI-Men forméiert. Am Ënnergrond hu se heemlech géint déi däitsch Besatzung geschafft, politesch Flüchtlingen a sougenannte "Wehrdienstverweigerer" iwwer d'Grenz bruecht an d'Lëtzebuerger Bevëlkerung mat patriotesche Fluchziedelen op deenen net seelen d'Groussherzogin Charlotte ze gesi war, opgemontert fir duerchzehalen.
Wéi an den Nopeschlänner och, waren d'Originen, zemools déi ideologesch, vun deene verschiddene Resistenzler a Resistenzgruppen, ganz ënnerschiddlech: se gounge vun deenen, déi d'Nazi-Ideologie u sech bekämpfenswäert fonnt hu bis zu deenen, bei deenen d'Fräiheet vum Land an éischter Linn stoung. Sou huet hiert politescht Spektrum dann och vun de Kommuniste bis hin zu klerikal-konservative Stréimungen (zum Deel esouguer mat antisemiteschen Ënnertéin) gereecht.
[Änneren] Lëtzebuergesch Resistenzlergruppen
- L.S, Lëtzebuerger Scouten,1940
- L.P.L., Lëtzeburger Patriote Liga, 1940
- PI-Men, Formation des Patriotes indépendants luxembourgeois, 1940
- L.F.B., Lëtzeburger Freihétsbewegong, 1940
- L.L, Lëtzebuerger Legio'n, September 1940
- L.F.K., Lëtzeburger Freihétskämpfer, Januar 1941
- L.V.L., Letzeburger Vollekslegio'n, Juni 1941
- L.R.L., Lëtzeburger Ro'de Lé'w, Oktober 1941
- L.F.B., Lëtzeburger Freihétsbond
- Alweraje, 1941.
- T.L.S., Trei Lëtzeburger Studenten, (1941)
- Déi verschidde Resistenzorganisatiounen hu sech Ufank vu 1944 an der Unio'n zesummegeschloss.
- L.P.P.D (Zesummeschloss vun de Resistenzler nom Zweete Weltkrich)
[Änneren] Sabotage
Méi doriwwer am Artikel Wirtschaftssabotage zu Lëtzebuerg (Zweete Weltkrich)an den Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]].
Militäresch Sabotage war zu Lëtzebuerg heefeg, konnt iewer net, aus strukturellen Uersaachen (keng Kuelegrouwen, keng chemesch Industrien; méi staarken Encadrement duerch Beamten aus dem Reich), déi Dimensiounen unhuele wéi op anere Plazen.
Wirtschaftssabotage gouf iwwerall praktizéiert a si huet déi verschiddenst Formen ugeholl. Dacks goufen Dréit ofgepëtzt oder aner Tricke gedréit, wat zu Repressaille gefouert huet. D'Wirtschaftssabotage hat en eegenen, typesch lëtzebuergesche Charakter.
[Änneren] Lëtzebuerger Resistenzler
|
|
|
[Änneren] Literatur zum Thema
- Paul Weber, Geschichte Luxemburgs im Zweiten Weltkrieg, Luxemburg, Victor Buck, 1948, 159 S.
- Serge Hoffmann, Le mouvement de résistance LVL au Luxembourg, Archives nationales, 2004, 158 S.
- Roger Hilbert, "Resistenzbilder" in: De Mierscher Gemengebuet, Miersch, Nr. 70 (Mäerz 2005), S. 39-44, ill.
- Jules Stoffels, Petite histoire de l'activité des résistants luxembourgeois engagés dans les réseaux et les maquis de la France combattante, Association des anciens combattants volontaires luxembourgeois de la Résistance française, Imp. Centrale, Lëtzebuerg, 2006- 141 Säiten : ill. ; 26 cm. (ISBN 2-87996-760-0)
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich. |