Georges Everling
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel zum Zweete Weltkrich ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Georges Everling, * 28. Abrëll 1907, † (higeriicht vun de Nazien) de 25. Februar 1944, war e Lëtzebuerger Scout a Resistenzler.
Hien huet mat enger Parti Scouten eng passiv Resistenzgrupp vun de Lëtzebuerger Scouten gegrënnt; spéiderhin ass dës Grupp méi bekannt ginn ënner dem Numm Lëtzebuerger Vollékslegioun (L.V.L.). De Georges Everling war an dëser Organisatioun Comitésmember. Den 23. Oktober 1943 ass hie verhaft ginn, a koum op Hinzert. Do ass hien de 25. Februar 1944 vun de Preisen higeriicht ginn.
Den 9. März 1946 goufe seng stierflech Reschter op Lëtzebuerg iwwerfouert an um Nikloskierfecht um Lampertsbierg begruewen.
D'Trupp vun de Gaasperecher Scouten a Guiden ass nom Georges Everling benannt.
[Änneren] Literatur
- Hoffmann, Serge: Le mouvement de résistance LVL au Luxembourg, Archives nationales, 2004, 158 S.
- Muller, Carlo: Luxemburg im 2. Weltkrieg, Geschichte für die Primärschule, Luxemburg, 1997