Alweraje
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Alweraje (heiansdo och Alvérage geschriwwen) war den Numm vun enger Lëtzebuerger Resistenzorganisatioun an der Zäit vun der däitscher Besatzung am Zweete Weltkrich, déi am Süde vum Land aktiv war.
Den Numm sëtzt sech aus den Ufanksbuchstawe vun de Virnimm vun hire Grënnungsmemberen zesummen:
- Albert Wingert, e Schoulmeeschter
- Wenzel Profant, e Sculpteur
- Raymond Arensdorff, en Aueremécher
- Jean Doffing, e Gemengenaarbechter.
Den Ufank vun der Alweraje geet zréck op eng Grupp Leit, déi zu Schëffleng bliwwe sinn, wéi d'Uertschaft den Dag nom däitschen Iwwerfall, den 10. Mee 1940, évakuéiert gouf. Si hunn nom Rechte gekuckt, d'Véi aus de Ställ a verdierflech Liewensmëttel aus de Butteker gelooss, Haiser, déi duerch Artilleriebeschoss beschiedegt waren, ofgeséchert, Doudeger begruewen, asw.
Nodeems d'Leit hannescht waren, an d'Besatzer no an no d'nationalsozialistesch Strukturen angefouert hunn an déi restriktiv "Verordnungen" deër ëmmer méi gi sinn, hunn eng hallef Dose vun hinne parallel dozou ugefaangen, Mesuren ze huelen, fir hiren Désaccord auszedrécken. Dat huet am Ufank éischter onkoordonéiert, heiansdo folkloristesch geschéngt: esou gouf d'Schëld 'Adolf-Hitler-Platz' nuets ofgeschrauwt an um Dreckstipp opgestallt, den Hitler als Iesel op de Kierchendaach gemoolt, asw. Mee wat d'Repressioun méi staark gouf, an dat Ganzt eng doudeescht Saach gouf, wat een sech huet misse méi straff organiséieren an och ofsécheren.
Dofir hun déi 4 uewen ernimmten Mëtt Juni 1941, zesumme mam Henri Jung an der Anna Arensdorff (dem Raymond senger Mamm), d'Alweraje gegrënnt. Si hunn um Schëfflenger Kierfecht an enger Grafkapell eng geheim Dréckerei installéiert. Do hunn s'am Ufank kleng Flugblieder gedréckt, sougenannte Papillions (z.B. mam gemoolte Portrait vun der Groussherzogin Charlotte, mee geschwë goufen et méi laang Trakten (dee fir déi sougenannt Personenstandsaufnahme vum 10. Oktober 1941 gouf zu 10.000 Exemplairë gedréckt), di 2 Mol am Mount erauskoumen, an "Ons Zeidong - o'ni Maulkuerf" als Titel haten.
D'Haaptzil war, der Propaganda vun der VDB eng Stëmm entgéint ze sëtzen, d'Leit opzeklären, wat fir Konsequenzen et hätt, wann si an deer enger oder anerer däitscher Organisatioun giffe Member ginn, an einfach och, fir seng Roserei a Frustratioun géigeniwwer engem iwwerstaarke Géigner Loft ze maachen; dat ze soen, wat soss verbuede war.
D'"Zeidong"e goufen iwwert e Reseau vu Leit, déi gehollef hunn, am ganze Minett an och driwwer eraus verdeelt. Och zu deenen Lëtzebuerger Resistenzorganisatiounen hat d'Alweraje Kontakter, z.B. wann et drëm goung, fir Leit iwwer d'Grenz ze schleisen, oder fir Trakten a grousse Quantitéiten ze produzéieren an ze verdeelen. Si stung och a Verbindung mat Réseauën am Saarland, der Ruhr dem belsche Grenzgebitt a Loutrengen.
D'Alweraje hat bis zu 400 Memberen, déi aus alle Gesellschaftsschichte vum Land koumen. No an no sinn, wéi fir déi aner Resistenzréseauën och, aner Aktivitéiten derbäi komm, z.B. englesch oder kanadesch Piloten, deenen hire Fliger erofgeschoss gouf ze verstoppen.
Den 19. August 1942 huet d'Gestapo, op Hiweiser vun engem Verréider hin, 15 Memberen, dorënner e puer vun denn Haaptleit vun der Alweraje gefaange geholl. Zwee vun hinnen, de Raymond Arensdorff an den Nicolas Schaack, hun hir Gefaangeschaft am KZ net iwwerlieft. Anerer hate méi Chance, si kunnten sech an d'Ausland ofsetzen, oder hun an anere Resistenzreseauë virugemaach.
[Änneren] Literatur
- Hoffmann, Serge: Le mouvement de résistance LVL au Luxembourg, Archives nationales, 2004, 158 S.
- Albert Wingert: Le groupe de résistance et d'action Alvérage. Tiré à part s.d., s.l. (1960).
- Marc Limpach, Marc Kayser: Wir glauben an die Demokratie. Albert Wingert, Resistenzler. Eine Monographie., Éditions Lëtzebuerger Land, Lëtzebuerg, 2004.
- "Albert Wingert, héros à l'eau de rose" / Henri Wehenkel. - In: Forum für Politik, Gesellschaft und Kultur. - Luxembourg. - Nr. 243 (Febr. 2005), p. 45-47, ill.
- "Luxemburger Resistenz und demokratischer Antifaschismus : Albert Wingert und die ALWERAJE : Anmerkungen zu Henri Wehenkels Rezension des Buches Wir glauben an die Demokratie - Albert Wingert, Resistenzler" / Marc Kayser, Marc Limpach. - In: Forum für Politik, Gesellschaft und Kultur. - Luxembourg. - Nr. 244 (März 2005), p. 47-51, ill.
- '"Zu den Vorwürfen an Albert Wingert" / Marc Kayser, Marc Limpach. - In: Forum für Politik, Gesellschaft und Kultur. - Luxembourg. - Nr. 246 (Mai 2005), p. 52-56, ill.
[Änneren] Kuckt och
Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich. |