See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Letzeburger Vollekslegio'n - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Letzeburger Vollekslegio'n

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.


Dësen Artikel zum Zweete Weltkrich ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
LVL-Stempel
LVL-Stempel

D'Letzeburger Vollekslegio'n (L.V.L. oder LVL) war eng lëtzebuergesch Resistenz-Organisatioun, déi am Zweete Weltkrich besonnesch am Norden, am Osten an am Zentrum vum Land aktiv war. Si ass am Juni 1941 aus dem Zesummeschloss vun de Resitenzgruppe vun de Letzeburger Scouten (LS) an der Letzeburger Legio'n (LL) ervirgaang.

Exponente vun der L.V.L, waren ënner anerem de Jean Muller, Georges Everling, Tony Noesen, Aloyse Raths a Fernand Schwachtgen. De Victor Abens war och Member vu dëser Grupp.

[Änneren] Aktivitéien

D'L.V.L. huet sech staark bei der Persounestandsopnam am Oktober 1941, bei der Virbereedung vum Streik (Aféierung vun der Wehrflicht) agesat. Si huet Deserteuren ënnerbruecht a war och un der Noriichteniwwermëttlung no London bedeelegt, haaptsächlech un der Informatioun vun den Alliéierten iwwert d'Fabrikatioun vun der V1 a V2 zu Peenemünde, wat zum Bombardement vun dësem Fabrikatiounssite geféiert huet.

[Änneren] Programm

D'Letzeburger Vollekslegio'n war net nëmmen ee Mouvement vu Resistenzler. Si hat och, grad wéi d'L.L., e politesche Programm, an deem hir Usichten iwwert déi politesch Ausriichtung vum Land no der Liberatioun preziséiert waren. Dëse Programm ass awer net vun alle Memberen ouni Virbehalt guttgeheescht ginn.

[Änneren] Organisatioun

D'L.V.L. war méi strukturéiert wéi d'L.L.. Si gouf net vun engem eenzege Chef geleet, mee vun engem Legio'nsrot vu sechs Persounen, an deem déi zwou Organisatiounen mat je dräi Mann vertruede waren. Den Aloyse Raths war och Member vun dësem Rot an hat Privilegien, ass awer net vun allen als Chef betruecht ginn. Hien, deen deemools nach ganz jonk war a spéider an den RAD agezu gouf, huet och net insistéiert.

[Änneren] Scissioun a Reconciliatioun

Der L.V.L. gouf vu verschiddene Memberen reprochéiert, datt si méi Zäit fir hire politesche Programm opwende géif, wéi fir d'Resistenzproblemer. Dat war de Grond, firwat verschidde Membere gemengt hunn, et misst een, niewent dem Legiounsrot, dee fir déi politesch Froe zoustänneg bléif, och en Zenralrot schafen, deen d'Koordinatioun vun de Resistenzaktivitéiten als Aufgab hätt. Dësen Zentralrot gouf och geschafen, awer ouni datt dës Grënnung vun alle gedroe gouf. Dat war de Grond vun enger Scissioun am Mouvement.

D'Reconciliatioun, déi am Interessi vun der ganzer Resistenz war, war schwiereg. Dat se zustane koum ass, gëtt allgemeng dem Aloyse Raths zougeschriwwen, dee sech mat Läif a Séil dofir agesat hat.

[Änneren] Literatur

  • Hoffmann, S.: La Résistance au Grand-Duché du Luxembourg pendant la Deuxième Guerrre mondiale. Analyse de l'organisation LVL, Lëtzebuerg, 1976
  • Hoffmann, Serge: Le mouvement de résistance LVL au Luxembourg, Archives nationales, 2004, 158 S.
  • Muller, Carlo: Luxemburg im 2. Weltkrieg, Geschichte für die Primärschule, (um Internet: Referenz um Spaweck), Luxemburg, 1997

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -