See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Jean Ulveling - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Jean Ulveling

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

De Jean Ulveling gebuer de 14. Germinal vum Joer IV. (3. Abrëll 1796) zu Nidderwolz, a gestuerwen de 7. Dezember 1878 an der Stad, war e lëtzebuergesche Staatsbeamten, Politiker an Historiker.

1817 ass hien an d'Regierungsverwaltung agetrueden, an där hie séier Carrière gemaach huet. 1820 koum en an de Cabinet vum Gouverneur Jean-Jacques Willmar. Bei der belscher Revolutioun war hien op der Säit vun den Orangisten. An engem Pamphlet, dat en 1832 publizéiert huet, huet hien dem Wëllem I. vun Holland seng Politik an héchsten Téin gelueft.

1840, nodeems d'Fro ëm Lëtzebuerg endlech geregelt war, gouf den Ulveling Member vun der provisorescher Regierung, déi "Régence" genannt gouf. 1842 gouf e Conseiller des Douanes an 1848 huet hie mat un der neier Verfaassung geschriwwen a gouf den 1. August Member vun der Regierung de la Fontaine an am Dezember, nodeems déi zréckgetruede war, an deeër vum Willmar. Hie war zoustänneg fir Finanzen a Gemengen. Wéi dës 1853 vun der Regierung Simons ofgeléist gouf, ass den Ulveling Member vum Verwaltungsrot vun de stater Hospices Civils ginn an Direkter vun der Caisse de Crédit Foncier. 1855 gouf en zousätzlech Direkter vun der Steierverwaltung an 1857 vum Kadaster.

1854 gouf de Jean Ulveling Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg, an 1855 an 1858 Schäffen.

1858 gouf hien nees Generaldirekter (Minister), dës Kéier an der Regierung Simons. Hie war fir d'éischt fir den Interieur, du fir d'Finanzen zoustänneg. Och an der Regierung de Tornaco, 1860 war hie fir dës Dossiere responsabel. 1866 huet e seng Demissioun ginn.

Vun 1866 bis kuerz viru sengem Doud war hie Member vum Staatsrot.

De Jean Ulveling huet eng ganz Rëtsch Publikatiounen hannerlooss: E puer ware Réckblécker iwwer d'politesch Situatioun vun deene Perioden, déi e materlieft hat, déi meescht awer hu sech mat historeschen Themae befaasst.

Virun allem d'Baugeschicht vun der Festung Lëtzebuerg hat him et ugedoen, dozou huet hien eng sëllegen Artikelen an de Publications de l'Institut Grand-Ducal, Section Historique publizéiert. Mee och iwwer d'Geschicht vun den Zënften an der Stad, an iwwer déi vun der Abtei Almënster, fir just déi Themen z' ernimmen, huet hie geschriwwen.

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -