See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Festung Lëtzebuerg - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Festung Lëtzebuerg

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

D'Festung Lëtzebuerg war bis datt se am Joer 1867 ofgerappt gouf, eng impressionant Wieranlag ronderëm d'Stad Lëtzebuerg, déi vu grousser strategescher Bedeitung an der Regioun war an dofir am Laf vun de Joerhonnerten ëmmer erëm vun eisen Noperen begiert gouf.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Réimerkastell

De Bockfiels
De Bockfiels

D'Ufänk vun der Festung Lëtzebuerg ware ganz bescheiden. An der Réimerzäit hu sech um Plateau iwwert Uelzecht a Péitruss zwee Kieme gekräizt, deen, dee vun Arel op Tréier gaangen ass, an deen, dee vun Diddenuewen derbäikoum. Ronderëm dës Kräizung huet sech an engem Krees eng hëlze Palissad gezunn, hannert deer sech d'Baueren bäi engem Iwwerfall zeréckzéie konnten. Net wäit ewech, um Bockfiels, gouf et e klengt réimescht Kastell dat Lucilinburhuc genannt gouf - dorauser huet sech iwwer Lützelburg spéider de Landesnumm Lëtzebuerg erausgebilt.

[Änneren] Buerg

Nom Réckzuch vun de Réimer stong dat Kastell eidel an ass ëmmer méi verfall. Am Joer 963 huet den Ardennergrof Siegfried sech an engem Tosch mat der Tréier Abtei St. Maximin de Bockfiels mat den Iwwerrechter vum Kastell geséchert an dorobber eng éischt kleng Buerg gebaut, déi mat enger hëlzener Zuchbréck mam Plateau verbonne war. Mat der Zäit huet sech um Plateau eng Siidlung gebilt, déi ronn zweehonnert Joer méi spéit zu enger klenger Stad gewues ass a Mëtt vum 12. Joerhonnert endlech duerch eng fest Stadmauer op der Héicht vun der heiteger rue du fossé protegéiert gouf. Am 14. Joerhonnert koum nach eng zweet Stadmauer derbäi, déi de Gronn an de Rhamplateau ëmschloss huet, an dunn och nach eng drëtt, déi d'Stadgebitt bis op d'Héicht vum heitege boulevard royal erweidert huet.


[Änneren] Festung

1443 huet de Philippe le Bon d'Stad Lëtzebuerg nuets duerch en Iwwerraschungsugrëff iwwerrompelt (virdru war se och scho seng, mee just als Gage). D'Friemherrschaft iwwer d'Land huet domadder ugefaangen. D'Festung als solch huet dovunner just profitéiert, well all friemen Här huet versicht, se méi grouss, besser duerchduet a staark ze maachen. Grondsätzlech kann ee soen:

  • d'Fransousen hunn alles eckeg gemaach;
  • d'Spuenier hunn alles ënnerhillecht;
  • d'Preisen hunn alles bommefest gemaach.

Schlussendlech huet d'Festung Lëtzebuerg aus dräi Festungswäll bestanen, op enger Fläch vun 180 ha (d'Stad selwer hat just eng Fläch vun 120 ha). Banne gouf et eng Abberzuel Bastiounen, an der Mëtt 15 Forten a ronderëm nach eng Kéier 9 Bausseforten. En Netz vun 23 km Kasematte war verbonne mat iwwer 40.000 m2 bommeséchere Raim.

D'Schlassbréck
D'Schlassbréck

Do ass et kee Wonner, datt d'Festung de Spëtznumm Gibraltar vum Norde krut, als Uspillung op den onbezwongene Fiels Gibraltar op der Südspëtz vun der iberescher Hallefinsel. D'Festung Lëtzebuerg ass effektiv ni militäresch bezwonge ginn. 1443 hat de Philippe le Bon d'Stad, déi en als Gage souwisou schonn hat, duerch en Iwwerraschungsugrëff ouni Géigewier geholl, a spéider hunn d'Häre vun der Festung just gewiesselt, wann d'Festungsgarnisoun duerch batteren Honger gezwonge war, d'Paarte vun der Stad fräiwëlleg opzemaachen.

[Änneren] D'Ofrappe vun der Festung

An der Mëtt vum 19. Joerhonnert war d'Groussherzogtum Lëtzebuerg erëm onofhängeg an hat als Groussherzog de Wëllem III., dee gläichzäiteg och Kinnek vun Holland war a sech net vill ëm Lëtzebuerg gekëmmert huet, ausser wann et drëms gaangen ass, fir Goss draus erauszezéien. D'Land war e Memberstat vun der Konfëderatioun vum Däitsche Bond an hat dowéinst eng konfëderéiert Garnisoun an der Festung, déi vun de Preise gestallt gouf (dohier kënnt de lëtzebuergesche Spëtznumm fir déi däitsch Noperen). Wéi den Däische Bond sech 1866 no der preisescher Victoire am Däitsch-Éisträichesche Krich opgeléist huet, gouf en duerch den Norddäitsche Bond, engem Fëderatiounsstaat, ersat, dee Lëtzebuerg awer net mat abegraff huet. Déi preisesch Garnisoun ass trotzdem emol nach an der Festung bliwwen. De Wëllem III. wollt vun der onklorer Situatioun profitéieren an d'Festung Lëtzebuerg un den Napoléon III. verkafen. Domadder war de Bismarck awer net d'accord, an et wier bal zum engem däitsch-franséische Krich komm. Wann et 1870-1871 zwar effektiv souwäit war, sou konnt 1867 de Fridden awer nach eng Kéier gerett ginn: am Londoner Protokoll ass festgehale ginn, datt déi convoitéiert Festung ofgerappt, a Lëtzebuerg éiweg neutral sollt sinn.

Ganzer 16 Joer, vun 1867 bis 1883, sollt et daueren, bis datt d'Schläfe vun der Festung endlech ofgeschloss war. Dëst gouf vu lokalen Entrepreneure gemaach, déi fir déi Aufgab bezuelt hunn an am Géigenzuch d'Steng vun de Festungsmaueren a -gebailechkeeten hale konnten. Dat ganzt ass chaotesch vir sech gaangen, esou datt irrelevant Deeler vun der Festung komplett gesprengt goufen, mee bäi strategesch wichtege Baute gefuddelt gouf, andeems just den ieweschte Stack gesprengt an iwwert de Rescht einfach Buedem getippt gouf. Et konnt awer duerchgesat ginn, dat e puer "Kennzeeche" vun der Stad der Nowelt nach sollen erhale bleiwen: déi dräi Tierm aus der zweeter Stadmauer, d'Vaubans Tierm am Pafendall, den Agank vum Fort Thüngen op den dräi Eechelen, den Huelen Zant um Bock an d'Schlassbréck, de Stierchen am Gronn, d'Tréirer Poart mat den d'Tierm an de Kasären op der Rum, verschidde Gebailechkeeten um Helleg-Geescht-Plateau an hei an do nach e Spueneschen Tiermchen.

Wat hautesdaags deem engen oder aneren als grouss Zerstéirung vun eemolege Bauwierker schéngt, war deemools fir d'Leit eng grouss Befreiung. Zënter dem 14. Joerhonnert konnt d'Stad nämlech net méi wuessen, wéinst militäreschen Iwwerleeunge war et bis op Ausname verbueden, nei Haiser an a ronderëm d'Stad ze bauen. Wéi de Korsett vun de Festungsanlagen awer bis ewechgefall ass, du konnt d'Stad sech erëm entwéckelen. Am Süden huet d'Nei Bréck de Plateau Bourbon zougänglech gemaach an am Westen ass de Boulevard royal gebaut ginn, mat hannendrun dem grousse Park.

[Änneren] Um Spaweck

Aner Sproochen


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -