Jean-Jacques Willmar
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jean-Jacques Madeleine Willmar, gebuer de 6. Mäerz 1792 an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen de 26. November 1866, war e lëtzebuergesche Jurist a Politiker.
De Jean-Jacques Willmar ass de Fils vum Jean-Georges Willmar (1763 - 1831), dem virmolege Gouverneur vum Grand-Duché zur Zäit vun den hollännesch-belsche Nidderlanden. 1814 mécht hien eng Licence an Droit zu Paräis a gëtt Affekot um Barreau an der Stad. 1824 gëtt hien zum Riichter ernannt.
Tëschent 1830 an 1839, no der Belscher Revolutioun, hält hien zum hollännesche Kinnek Wëllem I.. 1840 gëtt hien zum Procureur général ernannt. 1841-1848 ass hie Member vun der Assemblée des États, an 1848 Lëtzebuerger Deputéierten am Parlament zu Frankfurt.
Vum 2. Dezember 1848 bis den 23. September 1853 ass hie Conseilspresident (Premierminister) an Administrateur général (Minister) fir Aussebezéiungen, Justiz, Kult a Bildung. Den Norbert Metz, dee Finanzminister gëtt, an dee pro-belsch a géint d'Memberschaft am Däitsche Bond an am Zollveräin ass, huet e groussen Afloss op d'Aussepolitik, wat zu Spannunge mat Däitschland féiert. Mee och d'Relatioune mat Holland killen of, nodeems de Wëllem II. 1849 gestuerwe ass, a säi Fils, de Wëllem III., deen sech duerch säi Brudder, de Prënz Henri vertriede geloos huet, eng strikt konservativ a restaurativ Politik gefouert huet. 1853 léisst en d'Regierung ofsetzen.
Am Willmar seng Regierungszäit fält d'Decisioun, de Frang (amplaz vum Gulden an der Comptabilitéit vun der Verwaltung anzeféieren. 1854 kommen déi éischt Lëtzebuerger Koffermënzen eraus.
Vun 1857-1866 ass de Willmar Member vum nei gegrënnte Staatsrot.