See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Henri vun Oranien-Nassau - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Henri vun Oranien-Nassau

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Den Henri vun Oranien-Nassau
Den Henri vun Oranien-Nassau

De Willem Frederik Hendrik, gebuer den 13. Juni 1820 zu Soestdijk an Holland a gestuerwen den 13. Januar 1879 zu Walfer, war Prënz vun Oranien-Nassau a Prënz vun den Nidderlanden. Vun 1850 bis zu sengem Doud war hien prince-lieutenant vu Lëtzebuerg, wou hien als Prënz Henri, oder Prënz Hari, bekannt war.

De Prënz Henri war den drëtte Jong vum Kinnek Wëllem II. vun Holland a senger Fra, der Anna Pawlowna, an hat de Spëtznumm "de Séifuerer". Hie war Offizéier vun der hollännescher Marine.

Nom Doud vu sengem Papp 1849 gouf hien de 5. Februar 1850 vu sengem Brudder Wëllem III. zum prince-lieutenant vum Groussherzogtum Lëtzebuerg ernannt. Vun do un huet hien all Joer e puer Méint zu Lëtzebuerg verbruecht, wou hien am Walfer Schlass gewunnt huet. Hie war weiderhin Admiralleitnant vun der hollännescher Flott.

Den 19. Mee 1853 huet hie sech mat der Prinzessin Amalia vu Sachsen-Weimar-Eisenach bestuet, der Duechter vum Herzog Karl Bernhard zu Sachsen-Weimar-Eisenach; si hate keng Kanner.

Nom Doud vun der Amalia, den 1. Mee 1872, huet hie sech eng zweete Kéier, de 24. August 1878, mat der Prinzessin Marie vu Preisen bestuet, ass awer schonns e puer Méint drop, den 13. Januar 1879, zu Walfer u Riedele gestuerwen.

Well de Prënz Henri zum Entstoe vum Nationalbewosstsäin zu Lëtzebuerg bäigedroen huet, gëtt hie vun den Historiker als sougenannte Lieu de mémoire bezeechent (Cf. Lieux de mémoire 2008).

Am Lëtzebuerger Land hunn 12 Stroossen, Avenuen a Boulevardsen den Numm Prince Henri.

Zu Walfer gëtt et de Centre culturel et sportif Prince Henri, de Stade Prince Henri an de Centre Princesse Amélie. Och de Numm vum Walfer Basketballveräin, Résidence Walfer, erënnert un d'Funktioun vum Walfer Schlass am Zesummenhank mam Prënz Henri.

[Änneren] Literatur

  • Christiane Huberty, 2008. Prënz Hary an Amalia. Princesse Henri et Princesse Amélie. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 91-96. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg.
  • Gilbert Trausch, 1984. Aux origines du sentiment national luxembourgeois: histoire et coup de pouce ou mythes et réalités. Nos Cahiers 5/2: 73-111.

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Fotoalbum

D'Plackett zu Éiere vum Prënz Henri op der Fassad vun der aler Gare zu Colmar-Bierg.
D'Plackett zu Éiere vum Prënz Henri op der Fassad vun der aler Gare zu Colmar-Bierg.


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -