Orangisten
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Mat Orangisten goufen zu Lëtzebuerg déi Politiker an Notabel bezeechent, déi 1830 nom Ausbroch vun der Belscher Revolutioun, dem Ofsplécke vun de südleche Provënzen vun Holland an der Grënnung vun der Belsch, an an de Joren dono, zum Wëllem I. vun Holland gehalen hunn, d.h. net wollten, datt Lëtzebuerg sollt Deel vun der Belsch ginn (woufir sech Leit ewéi de Jean-Baptiste Nothomb staark gemaach hunn), nach, datt et sech u Frankräich rapprochéiere sollt.
Zu den Orangiste gezielt goufe Politiker wéi de Jean-Jacques Willmar, de Gaspard-Théodore-Ignace de la Fontaine, de Victor de Tornaco, de Charles-Gérard Eyschen (Papp vum Paul Eyschen), de François-Xavier Wurth-Paquet, de Jean Ulveling, den Henri Vannerus an de Mathieu-Lambert Schrobilgen.