See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Zweekummersystem - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Zweekummersystem

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

██ Natioune mam Zweekummersystem.  ██ Natioune mam Eekummersystem.  ██ Keng Legislatur.
██ Natioune mam Zweekummersystem. ██ Natioune mam Eekummersystem. ██ Keng Legislatur.

En Zweekummersystem, och Zweekummerparlament genannt, ass eng Form vun der Origanisatioun duerch zwee Konstitutiounsorganer, déi Kummeren oder Haiser genannt ginn.

Ënnert dem Zweekummersystem gëtt am klassesche Konstitutionalismus vum 19. Joerhonnert de Grondsaz verstanen, datt d'Parlament aus zwou verschiddene Kummere bestoë soll, déi opgrond vun hirer ënnerschiddlecher Struktur e politescht Gläichgewiicht bei der Gesetzgiewung hirstelle sollen (Montesqieu). Déi eng Kummer ass entweder d'"Versammlung vun den Notabelen", vum Adel, vum Klerus (britescht Uewerhaus, House of Lords), oder si ass an der Form vun engem Senat eng méi oder manner paritätesch "Vertriedung vun de Beruffsstänn" inklusiv Konscht a Wëssenschaft.

A federalistesche Staate gëtt déi eng Kummer aus Vertrieder vun de Staaten zesummegesat (amerikanesche Senat, Ständerat an der Schwäiz, Bundesrat an Éisträich). Den däitsche Bundesrot vun der Keeserzäit an an der Bundesrepublik Däitschland war bzw. ass keng parlamentaresch Kummer.

Déi aner Kummer besteet am allgemengen aus de Volleksvetrieder, déi aus fräie Wahlen erausgaange sinn (z.B. Preisesch Chamber, Assemblée nationale a Frankräich). Ursprénglech waren déi zwou Kummere gläichberechtegt, an deem Sënn datt déi zwou hi missen engem neie Gesetz zoustëmmen. Am 20. Joerhonnert ass de Schwéierpunkt op d'Vollekskummer gefall an a ville Staaten huet sech en Eekummersystem duerchgesat.

Kritiséiere kann een den Zweekummersystem dodranner, datt en eng flexibel Politik bremse kann, wann eng Kummer déi aner permanent blockéiere kann, wat bei ënnerschiddlecher politescher Dominanz vun de Kummeren de Fall ass.

[Änneren] Kuckt och

  • Uewerhaus,
  • Ënnerhaus,
  • Britescht Parlament,
  • Japanescht Parlament
  • Senat,
  • Exekutiv, Legislativ, Judikativ


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -