Sculptor-Galaxis
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D’Sculptor-Galaxis oder Sëlwerdollar-Galaxis (och NGC 253 genannt) ass eng hell Spiralgalaxis vum Hubble-Typ Sc am Stärebild Sculptor. Den NGC 253 huet eng Wénkelausdeenung vun 26,4' × 6,0' an eng schäinbar Hellegkeet vun +7,2 mag an ass domat nom Centaurus A an dem Messier 81 déi drëtthellste Galaxis baussescht der Lokaler Grupp. D’Galaxis gouf vum Caroline Herschel am Joer 1783 entdeckt.
D’Sculptor-Galaxis ass den hellsten Member vun der Sculptor-Galaxiegrupp, zu déier och d’Galaxien NGC 55, NGC 247, NGC 300 an NGC 7793 gehéieren, an déi en Ofstand vu ronn 10 Millioune Liichtjoer hunn.
Koordinaten (Äquinoktium 2000)
- Rektaszensioun: 0h47m36.00s
- Deklinatioun:-25°18'00.0"