See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Messier 81 - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Messier 81

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

D'Galaxis Messier 81
D'Galaxis Messier 81

De Messier 81 (och als NGC 3031 bekannt) ass eng +6,9 mag hell Spiralgalaxis vum Hubble-Typ Sb am Stärebild Ursa Major (Grousse Bier). Den M81 ass d’Galaxis um nërdlechen Himmel, déi eis no dem Andromedaniwwel an dem Dräiecksniwwel am gréissten an hellsten erschéngt. D’Unzuel vu Stären an deem System gëtt op 250 Milliarden geschätzt, wat am Vergläich zu eiser Mëllechstrooss een e bëssche méi klenge Wert ass. Den M81 gëtt heiansdo zu Éieren hires Entdeckers och Bodes Galaxis genannt, well si am Joer 1774 vum Johann Elert Bode entdeckt ginn ass.

Déi schäinbar Fläch vun M81 mécht mat 20' mol 12' (den Mound huet en schäinbaren Duerchmiesser vun ronn 30') ongeféier dräi Prozent vun der Fläch vum Andromedaniwwel aus. Mat 12 Milliounen Liichtjoren ass den M81 gutt véier mol sou wäit wéi dës Galaxis ewech an erschengt dofir méi kleng. D’Distanz gouf an der Rumm vum H0 Key Project am Joer 1993 ganz genee bestëmmt an ass däitlech méi grouss wéi d’Werter vu ronn 7 Milliounen Liichtjoren, déi een an aler Literatur fënnt.

Vun der Äerd aus gesi mär schréi op d'Galaxis, déi relativ lacker Spiraläerm huet, awer vill Stären an der Géigend vum Zentrum opweist. An der Hubble-Sequenz ass den M81 vum Typ Sb.

M81 an M82: de Kär vun der M81-Grupp.
M81 an M82: de Kär vun der M81-Grupp.

Den M81 huet eng schäinbar Hellegkeet vun +6,90 mag . An hirer Géigend befënnt sech déi e bëssche méi liichtschwaach Spiralgalaxis M82, déi nëmmen 150.000 Liichtjoer ewech ass. Dës zwou Galaxien maachen de Kär vun der M81-Galaxiegrupp, déi eng echt physikalesch Grupp maachen, déi eng vun eisen nächsten Noperen vun eiser Lokalen Grupp sinn. Dëser Grupp gehéieren ënner anerem och den NGC 2403, NGC 3077 an den NGC 2976 un.

Koordinaten vun M81 (Äquinoktium J2000.0):

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Commons: Messier 81 – Biller, Videoen oder Audiodateien


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -