Lokal Grupp
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D’Lokal Grupp bezeechent een an der Astronomie eng Grupp vu Galaxien an der onmëttelbarer Nopeschschaft vun eiser Mëllechstrooss.
[Änneren] Astronomesche Kontext
Zu der Lokaler Grupp ginn Objeten am Ëmkrees vu fënnef bis siewen Millioune Liichtjoer gezielt. Et fir dervun auszegien, datt d’Memberen vun dëser Grupp gravitativ uneneen gebonnen sinn, sou datt d’Zougehéieregkeet zu der lokaler Grupp enger echten physikalescher Bindung entspréngt an net nëmmen eng zufälleg geometrisch Struktur duerstellt. Mat ronn 95 % befënnt sech de gréissten Deel vun der siichtbarer Mass an der Mëllechstrooss an dem Andromedaniwwel, déi aner Memberen sinn wiesentlech méi kleng oder souguer Zwerggalaxien. D’Memberen vun der Lokaler Grupp mécht een ellipsoiden Koup.
D’Memberen vun der Grupp sinn met gläichméisseg am Koup verdeelt. Si sammelen sech je no gravitativer Bannung zu verschidden Ënnergruppen. Dozou zielen d’Mëllechstroossen-Ënnergrupp, mat der Mëllechstrooss an hiren Satellitengalaxien, an d’Andromeda-Ënnergrupp, mat der Andromeda-Galaxis an hire Satelliten. Den M33 gehéiert wahrscheinlech zu der Andromeda-Ënnergrupp oder mécht mat hirer Satellitegalaxis LGS 3 eng eegen Ënnergrupp. Eng drëtt méiglech Ënnergrupp besteet ëm d’Galaxis NGC 3109, awer et ass net secher, ob si nach zu der Lokaler Grupp gehéiert. Déi reschtlech Galaxien, déi zu kenger vun dësen dräi Gruppe gerechent kënne ginn maachen d’Lokal-Gruppe-Wollek (Local Group Cloud) a bewegen sech am kollektiven Gravitatiounsfeld, dat zesummen vun de grousse Galaxien gemaach ginn.
No Computersimulatiounen missten Lokal Gruppen ongeféier 300 bis 500 Zwerggalaxien enthalen. Bekannt sinn am Moment awer nëmmen ëm déi 40 Zwergsystemer. Astronomen ginn dovun aus, datt déi bis elo onentdeckten Galaxien gréisstendeels aus donkler Matière bestinn a bal keng Stären enthalen an domat sougenannten Donkel Galaxien duerstellen.
D’lokal Grupp ass Bestanddeel vum Virgo-Superkoup, deen no dem Virgokoup a sengem Zentrum genannt ass. Op dësen bewegt sech d’lokal Grupp zou. Bannen vum Superkoup grenzt si un d’Maffei-, d’Sculptor-, d’M-81- an un d’NGC-5128-Grupp.
[Änneren] Bekannte Membere vun der Lokaler Grupp
Zu der Lokaler Grupp gehéieren ënner anerem:
Mëllechstroossen-Ënnergrupp:
- d’Mëllechstrooss
- déi Grouss Magellanesch Wollek (ESO 56-115)
- déi Kleng Magellanesch Wollek (NGC 292)
- d’Sagittarius-Zwerggalaxis
- d’Sculptor-Zwerggalaxis
- d’Canis-Major-Zwerggalaxis
- d’Fornax-Zwerggalaxis
- d’Draco-Zwerggalaxis
- d’Carina-Zwerggalaxis
- d’Phoenix-Zwerggalaxis
- d’Ursa-Minor-Zwerggalaxis
- d’Zwerggalaxien Leo I, Leo II a Leo III
Andromeda-Ënnergrupp:
- d’Andromeda-Galaxis = Andromedaniwwel (M 31)
- de M110 (NGC 205, Andro-Alpha)
- de M32 (NGC 221, Andro-Beta)
- d’Zwerggalaxien And I bis And IX
- den NGC 147 an den NGC 185
- de Dräiecksniwwel (M 33, NGC 598, Triangulum)
- d’Zwerggalaxis LGS 3
- d’Pegasus-Zwerggalaxis (And VI)
NGC-3109-Ënnergrupp:
- den NGC 3109
- de Sextans A
- de Sextans B
- d’Antlia-Zwerggalaxis
Lokal-Gruppe-Wollek:
[Änneren] Um Spaweck
- (en) Die Lokale Gruppe bei SEDS
- (en) Lokale Gruppe@atlasoftheuniverse.com: Eine Übersicht über die Mitglieder der Lokalen Gruppe
- (de) Infos zu Canis Major
- (de) Die Lokale Gruppe und Eng Zesummestellung vun de Memberen vun der Lokaler Grupp.