Rehaincourt
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|
---|---|
Land: | Frankräich |
Regioun: | Loutrengen |
Departement: | Vogesen |
Arrondissement: | Épinal |
Kanton: | Châtel-sur-Moselle |
Awunner: | 309 (1999) |
Fläch: | 1.522 ha |
Geographesch Koordinaten: | 48° 21’ 46’’ N 06° 28’ 12’’ O |
Rehaincourt ass eng franséisch Gemeng an de Vogesen an der Regioun Loutrengen.
Rehaincourt läit um ieweschte Laf vum Euron engem rietse Niewefloss vun der Musel. Um Lieu-dit la Tasnière kann een eng Versickerung vun enger Baach gesinn. Den héchste Punkt an der Gemeng ass den Hant de Lorraine mat 391 Meter. Do steet och eng Cheminée géodésique.
E groussen Hirschbestand zitt all Joers Virwëtzeger während der Brunft un.
Am Zweete Weltrich hat d'Uertschaft staark ënner der preisescher Besatzung ze leiden. De 5. September 1944 ware 60% vum Duerf a Brand gestach ginn, 51 Männer waren an Däitschland verschleeft ginn, wovunner der 32 a Lageren ëmkoumen.
[Änneren] Ernimmenswäertes
- An der Uertschaft Passoncourt steet e Biergerhaus vu 1624.
- D'romanesch Kierch Saints-Simon-et-Jude ass vun 1834.
[Änneren] Nopeschgemengen
- Moriville
- Ortoncourt
- Haillainville
- Damas-aux-Bois