Podcast
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Als Podcast bezeechent een eng Audiodatei, déi am Internet mat Hëllef vun engem Weblog an engem RSS-Feed, verëffentlecht gëtt. Vereinfachent kéint ee vun enger Zort "Download-Radio" schwätzen. Obwuel Videodateien heiandsdo ënner dëse Begrëff falen, bezeechent een déi och dacks als Vidcast oder Videocast.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Urspronk
D'Podcasten hunn hiren Urspronk an enger Iwwerleeung vum Dave Winer, deen RSS entwéckelt huet. D'Wuert selwer ass eng Zesummesetzung aus dem englesche Wuert to broadcast (wat "senden" heescht) an dem Numm vum MP3 Player vun Apple, iPod.
De Phänomen gouf populär duerch den Adam Curry a säi Podcast Daily Source Code, deen en zënter dem September 2004 verëffentlecht. Den Adam Curry huet och deen éischte Podcast Client (och nach: Podcatcher) entwéckelt.
[Änneren] De Prinzip
All Internet Benotzer ka mat Hëllef vun engem Podcatcher e Podcast abonnéiren. An dësem Programm brauch een nëmmen d'Adress vum RSS Feed anzeginn an de Programm iwwerhëlt dann déi ganz Aarbecht a luet automatesch all nei Episod vun deem Podcast erof. Soubal een MP3 Player, wéi den iPod, un de Computer ugeschloss gëtt, ginn dës nei Episoden op deen eriwwergelueden. Zënter der Versioun 4.9 huet een am Audioplayer iTunes vun Apple och d'Méiglechkeet, deen als Podcatcher ze benotzen, an ausserdeem proposéiert Apple zënterhir och eng Podcast Directory als Deel vun hirem iTunes Music Store, wou jidderee säi Podcast ka fräi androen, virausgesat en huet een Account am Music Store. Podcatcher Alternativen zum iTunes sinn iPodder oder iPodder X. Meeschtens ginn d'Audiodateien awer och op der Internetsäit vum Podcast Produzent verëffentlecht, sou datt ee se och ka manuell eroflueden a lauschteren ouni ee Podcatcher ze hunn.
Beschränkt sech d'Verëffentlechung vun der Audiodatei op de Link an engem Weblog ouni een RSS Feed, da schwätzt ee vun engem Audioblog.
[Änneren] Format
Podcasts ginn normalerweis am wäit verbreeten MP3 Format verëffentlecht. Verschiddener proposéiren hire Podcast awer och am AAC (MP4 Audio) Format, dat zumools duerch déi ëmmer méi grouss Popularitéit vum iTunes ëmmer méi verbreet gëtt.
[Änneren] Podcast zu Lëtzebuerg
Am Géigesaz zu verschiddenen anere Länner wéi USA, England oder Däitschland ass de Phänomen zu Lëtzebuerg nach net wäit verbreet.
Bis elo ginn et der nëmmen veier:
- - Bouneschlupp, deen éischte Podcast op Lëtzebuergesch an och den éischten, den de Sprong vum Internet op de Radio gepackt huet. Sait Follleg #31 leeft Bouneschlupp an der Sendung Crumble um Radio ARA.
- - GuG (Gedanken und Geschichten aus Luxemburg), deen éischte Podcast aus Lëtzebuerg, allerdéngs op Däitsch an zënter September 2005 inaktiv.
- - Check daat! , een weideren Podcast op Lëtzebuergesch (zënter Oktober 2006 aktiv)
- - Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg, den éischten lëtzebuergeschen Podcast dee parallel um Radio an um Internet ze héiren ass. Zënter November 2006 leeft A&S an der Sendung Crumble um Radio ARA.
[Änneren] Intressantes
Mëttlerweil ass Podcasting net nëmme méi op privat Leit beschränkt, mee et ginn der an der Tëschenzäit och vu Fernsehsenderen wéi ABC oder FOX, déi zum Beispill d'Noriichten als Podcast verëffentlechen.
Och Podcaste mat eroteschem Inhalt hu net laang op sech waarden gelooss, a sou ginn et zënter Mëtt vum Joer 2005 och sougenannt Porncasten, woufir Apple an der Tëschenzäit och eng Kannersécherung mat dem Hiwäis "Explicit" an der iTunes Podcast Directory agefouert huet.
Och zënter Mëtt 2005 huet d'Podcast Zeen dann och eng Hymn mam Titel On A Podcast vu Cruisebox, déi een zum Beispill beim Projet Podsafe Music Network vum Adam Curry ka lauschteren.
[Änneren] Um Spaweck
- Podcast.de - Wiki mat interessanten Informatiounen
- Bouneschlupp - deen éischte Podcast op Lëtzebuergesch
- Check daat! - e weideren Podcast op Lëtzebuergesch
- GuG - ee Podcast aus Lëtzebuerg op Däitsch
- Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg - Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg, en wöchentlechen Podcast
- Daily Source Code- de Podcast deen d'Phänomen populär gemaach huet