Pletschette
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
|
||||
---|---|---|---|---|
Nach kee Bild do | ||||
An anere Sproochen | fr.: Pletschette de: Pletschette |
|||
Gemeng | Miedernach | |||
Buergermeeschter | F. Stein | |||
Kanton | Dikrech | |||
Awunner | ||||
Koordinaten | 49° 49’ 9’’ N 6° 15’ 48’’ O |
|||
Uertschaften - Gemengen - Stied |
Pletschette gehéiert zu der Gemeng Miedernach.
Op Pletschette kënnt ee vum CR356 aus. Well Pletschette am Fong nëmmen aus engem Bauerenhaff besteet, bei deen 2007 zwee Wunnhäiser bäigebaut goufen, ass et um Stroosseschëld als Pletschterhaff gezeecheent.
Um Haff selwer gëtt et e ee grousst Bauerenhaus, mat dem Geställs an de Scheieren, an enger Kapell, déi bannent de Mauere stinn, déi ëm den Haff sinn.
[Änneren] Geographie
Den Haff steet op enger Héicht vun 362 Meter op engem Ausleefer vum Plateau vu Suewelbur, tëscht zwou Griechten.
D'Griecht am Südosten ass déi vum ieweschte Laf vun der Halerbaach, a vum Kelleschhaff kënnt. Déi am Norden ass déi wou d' Siwebaach derduercht leeft, déi eng Niewebaach vun der Halerbaach ass. Déi Griecht zitt sech duerch de südleche Bord vum grousse Bëschmassiv Bouchwald.