PGC 29194
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Date vun der Antlia-Zwerggalaxis | |
---|---|
Katalogbezeechnungen | PGC 29194, SGC 1001.9-2705, AM 1001-270 |
Gehéiert zu der | lokaler Grupp |
Hubble-Typ | dE3 |
Rektaszensioun | 10h 4,1min |
Deklinatioun | -27° 20' |
Äquinoktium | 2000.0 |
Schäinbar Hellegkeet | 14,8m |
Distanz | ~ 4.600.000 Liichtjoren |
Radial relativ Vitesse | |
Absolut Hellegkeet | -10,7 ± 0,3 |
Schäinbar Gréisst | 2,0' × 1,5' |
Absoluten Duerchmiesser | ca. 5500 Liichtjoren |
Mass | |
Stärebild | Antlia |
D’Antlia-Zwerggalaxis (Katalogbezeechnung PGC 29194) ass eng elliptesch Zwerggalaxis (Typ dE3) am Stärebild Antlia. Déi nëmmen 5500 Liichtjoer grouss Galaxis huet eng Wénkelausdeenung vun 2,0 × 1,5 Bouminutten. Si läit op enger Distanz vun 4,6 Millioune Liichtjoer vun eis ewech an ass eng vun deene wäitesten Membeen vun der Lokaler Grupp. Mat enger Hellegkeet vun nëmmen 14,8 mag ass dës Galaxis net mat klengen Teleskopen ze gesinn.
D’Antlia-Zwerggalaxis gouf am Joer 1985 vun den Astronomen Harold G. Corwin, dem Gérard H. de Vaucouleurs an der Antoinette de Vaucouleurs entdeckt. Erréischt 1997 gouf an engem Bericht déi méiglech Memberschaft zu der lokaler Grupp publizéiert.