Péckvillchen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
E Péckvillchen ass eng aus Toun gebake Päif a Form vun engem Villchen, dee bannendrann huel ass, e Mondstéck (um Schwanz) an uewen oder vier um Kierper e Lach huet, sou datt een, wann een dra bléist, en Toun an zwou verschiddenen Héichte produzéiere kann.
D'Péckvillecher ginn zu Lëtzebuerg traditionnell op der Eemaischen (engem Maart), op Ouschterméindeg, zu Nouspelt an um stater Fëschmaart verkaaft. Well se all Joers anescht ausgesinn, si se beléifte Sammelobjeten.
Ganz besonnesch gesicht si Péckvillercher aus rout-brongem Toun, deen zu Nouspelt gestach an do gebak gouf.
Op der stater Emaischen, déi laang virun däer vun Nouspelt bestanen huet, sinn an deenen leschte Joren ëmmer méi Artisten, déi hir méi ausgefalen oder usprochsvoll Péckvillecher ubidden. Et gëtt der esouguer aus Parzeläin. Verschidde Verkeefer loossen hir Péckvillecher a Fabriken an grousse Masse produzéieren, verschidener sinn emol guer net aus Keramik, mee aus Gips. Verschiddener sinn och keng Villecher mee aner Déieren oder Saachen oder abstrakt Formen, déi éischter als Musekinstrument dénge kënnen, well se ofgestëmmt bis zu 2 Oktave spille kënnen.
[Änneren] Kuckt och
- De Peck-Villchen (eng satiresch Zäitschrëft)