See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Benotzer Diskussioun:Otets/Archiv 5 - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Benotzer Diskussioun:Otets/Archiv 5

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Iwwer Ënnen

"Schreift äer NEI Matdeelunge wann ech gelift GANZ ënne bäi! Ganz ënnen heescht: No deem leschten. Merci!" Um Ufank hat ech nëmmen "Schreift äer NEI Matdeelunge wann ech gelift GANZ ënne bäi! Merci!" geschriwwen. Well dat awer iergendwéi onkloer muss gewiescht sinn, hunn ech mer geduecht: Da schreif nach "Ganz ënnen heescht: No deem leschten." derbäi. De Grond ass ganz einfach: Da kucken ech ech "ënnen", an ech weess wat d'Vollek mer verrode wëll. Lo sinn ech schlecht drun: D'Myriam fënnt datt ech dat Ganzt misst ëmdréien, dat heescht, datt een dat Neit misst uewe bäischreiwen. Dat ass, wéi et schéingt, eng Gewëssensfro, déi mech net kal léisst. Ech si mer awer nach net eens, ob dat duerch e "Gottesuerteel" oder Walen ze klären ass. --Cornischong 13:15, 5 Februar 2006 (UTC)

[Änneren] Wiki

Wiki ass weiblech?Myriam 00:20, 6 Februar 2006 (UTC)

Hues de dem Cornischong säi Commentaire matkritt? Pfff Myriam 00:29, 6 Februar 2006 (UTC)

[Änneren] Msg

Wann ech op denger Diskussiounssäit eppes ännere kréien ech deen hei Msg: WARNUNG: Dës Säit ass 36 kB grouss; eeler Browser kënne Problemer hunn, Säiten ze bearbechten, déi méi grouss wéi 32 kB sinn. Iwwerleet w.e.g., op eng Opdeelung vun dëser Säit a méi kleng Abschnitter méiglech ass. Länger Säite kënne mat den Ännere-Links am Text bearbecht ginn, falls dës Optioun an de Preferenzen net deaktivéiert ass.

An anere Wierder, du wëlls datt ech meng Dikussiounssäit raumen. ;-) --Otets 09:21, 6 Februar 2006 (UTC)

Well ech heiansdo tëscht d'Zeile geroden, hunn ech dat verstan als frëndlech Opfuerdurung, näischt méi dohinner ze schreiwen. Sou an deem Sënn: "Warnung: Där hutt scho genuch op aner Leit hir Diskussiounssäite geschriwwen, halt elo mol léiwer op." Wéi kënnt dat, datt ech dat nach ni op Artikelsäite gesinn hunn, ass dat an de Preferenzen desaktivéiert? --Cornischong 09:37, 6 Februar 2006 (UTC)

Jo, sou kéint een et och gesinn ;-) Ech wëll awer eng Lanz fir eis Artikele briechen, op der Säit "Special:Longpages" gesäis de datt mer ëmmerhin 9 Artikelen hunn déi der esou eng Warnung dohischreiwen. --Otets 09:44, 6 Februar 2006 (UTC)

Ooooch, SOU wollt ech dat net grad soen :-) Mee dat hëlleft awer ;-) Myriam 09:45, 6 Februar 2006 (UTC)

Jo, dat war nach an der Grënnerzäit. Ech selwer hunn déi Originaldatei net méi. Mee waard emol, Briséis, deen Numm seet mer eppes ............--Cornischong 13:32, 6 Februar 2006 (UTC)

Bei "Holocaust zu Lëtzebuerg" fannen ech "Beda zu Lëtzebuerg". Wat ass Beda? An:Bei der Kategorie Holocaust ass haut e Fragezeichen derbäigesat ginn. Wat ass de Grond? D'Kategorie "Sexologie" heescht elo "Sexualopklärung" . Ënner deeër Kategorie stinn elo zwéi Sexologen, wat hunn déi mat enger Opklärung ze dinn? --Cornischong 19:22, 6 Februar 2006 (UTC)

[Änneren] Muséen

Salut, ech hu gesinn du hues d'Lëscht vun de Muséen bei d'Wikipedia:Referenztabellen derbäigesat; zwar ënnert "Lëtzebuerg", mee ënnert der Rubrik "Kinoen". Ech hat do scho gekuckt, mee wousst dunn och net sou richteg wou ech se sollt hisetzen. Am beschte wier vläicht direkt ënnert "Konscht a Kultur"? Wat mengs du? Myriam 14:11, 7 Februar 2006 (UTC)

OK, da loosse mer se mol ënnert Verschiddenes stoe bis villäicht engem aneren eng Luucht opgeet. Myriam 14:24, 7 Februar 2006 (UTC)

[Änneren] Krëppelbewegung

Ech hunn der den Artikel opgemaach an zwéin allerhand interessant Spawecklinken dragesat. D'Schuddere ginn engem duerch Muerch a Schank, wann ee bedenkt, dat mer domat pretransmuselanesch sinn. --Cornischong 18:17, 7 Februar 2006 (UTC)

[Änneren] Virwëtz

Et ass méi staark wéi ech - typesch Fraleit ;-) : hëllef mer emol op d'Spréng mat deem "Béibreg"???

Aha, Bitburg. Op d'Iddi an der Wiki ze sichen hätt ee natiirlech misse kommen; wéi war dat mat de Fraleit ;-))) Myriam 23:07, 7 Februar 2006 (UTC)

[Änneren] Musée

Ech nach eng Kéier. Solle mer net bei "Kuckt och" am Artikel Musée einfach de Link Lëscht vu lëtzebuergesche Muséeën dra setzen amplaz déi eenzel Muséeën? Myriam 23:14, 7 Februar 2006 (UTC)

[Änneren] Vandalismus

Kuck emol dem 158.64.116.100 seng Kontributiounen, de schengt eng statesch IP ze hunn, déi kéint menger Meenung no emol blockéiert ginn--Marcus 12:15, 8 Februar 2006 (UTC)

[Änneren] Remarque vun engem deen esou lues d'Flemm mat det lëtzebuerger Wiki agedriwwe kritt

Den Text deen häi geläscht as gin, huet zu de Karikature gehéiert, an en hat ke Sënn ouni d'Biller. An dann nach eppes zum Toun, ass dat néideg dat Làit virgeworf kréien dat se d'Pensioun hun oder dat se méi Zäit hätten wéi anerer.Viru kuerzem huet nach e gewessen Otets fonnt mir hätten ze vill Adminen, wei mer e Problem haten, war nëmmen een do, an elo kritt dien och nach virgeworf dat hie gehandelt huet.Ech fannen dat hei en eenzegt Trauerspill.

Wann een hei an der Wiki Zivilcourage weist an dat läsche geet, wat vun engem unverantwortleche Matarbechter an d'Wiki gesaat gouf brauch e net vun aneren an de Mound geholl ze ginn.

Wat mech betrefft ech ka meng Zàit och anescht verbrenge wéi an der lëtzebuerger Wiki ze schaffen, obschons ech et ganz flott fannen an der Wiki ze schaffen.

Wann deen iwerhiewleche Toun an déi soi-disant ironesch Remarquen bei Verbesserungen an esou weider net ophéieren, gesinn ech schwarz fir d'Lëtzebuerger Wiki, well domadder si schons eng Parti Leit aus der Wiki verdriwwe ginn.Johnny Chicago 16:42, 12 Februar 2006 (UTC)

Do ginn ech dem Johnny Recht, ech war lo bal 2 Deeg net hei an der Wiki (leider, fir mech). Mee wann ech esou eppes liesen fannen ech dat trotzdeem trauereg. Bon, ech hu lo net nogekuckt vu weem dat koum, mee ech hu sou meng Iddi. Ech fanne just mir sollten alleguer mol rëm op de Buedem erofkommen. Den Ament ass hei wierklech eng komesch Stëmmung, an dat soll jo awer net sinn, an ech hoffe jo och dat keen dat wëll. Myriam 22:51, 12 Februar 2006 (UTC)

[Änneren] Geziels

Effektiv... ech ginn ach ëmmer net Klug aus deem ganzen. Bei den "Neie Säiten" hunn ech der 100 bei de R2D2 (oder wéi dee geheescht huet) derbäigezielt. Mee da raumen ech den Ielesteen nees ewech bis 2 Neier do sinn ;-) --Zinneke 21:08, 21 Februar 2006 (UTC)

[Änneren] Dat schrecklechst

Also ass et wierklech "Zeen" (ech fannen dat schrecklech, ween huet sech esou eppes ausgeduecht? Dat geet jo duer fir esou eng ze maachen). Bon ech schwätzen et ëmmer nach mat "Sz" aus, mee dat ass jo onwichteg. Mee dat Wuert op lëtz. als "Zeen" ze gesinn dat dee wierlech wéi. (do kann ech mol net méi e Smiley hannendru schécken) Myriam 00:02, 24 Februar 2006 (UTC)


[Änneren] Bäck

Coucou :) Majo no villem Stress privat a "berufflech" ("studentesch" klengt bessi komesch hihi) hunn ech emol nees e bësselche Rouh a kann mol rem wikipedéieren :) Nierwebäi gëtt um Memoire (dee jo neierdéngs Master heescht an 2 Joer dauert gebastelt :) ) --Briséisβρισεισ 12:51, 24 Februar 2006 (UTC)

Nee si hunn hei de ganze System op d'Kopp gehäit, well alles op engem eenzegen europäeschen Niveau soll sinn. Si nennen dat d'LMD-Reform, a mir sinn déi éischt Versuchskanéngercher. An d'Plaz vun der Maîtrise ass de Master geréckelt, deen sou vill ass wéi eng Maîtrise an een DEA, just dass een nëmmi ka soen "ech well keen DEA, Maîtrise geet mir duer", well de Master egal wéi iwwert déi 2 Joer geet bis een en Diplom an der Täsch huet. Dofir ass meng Arbecht dann elo och duebel sou grouss, dei ech dann am Juni 2007 ganz fäerdeg m --Briséisβρισεισ 15:02, 24 Februar 2006 (UTC)


[Änneren] Schwäiz

Et ass mir net opgefall, dass et schonn en CHE gëtt. Mir ass et am Fong egal waatfireen. Du kanns den SUI läsche wanns du wëlls. Den CHE ass jo da scho méi laang do. Wéi geet dat dann eigentlech elo mat dem Admin a Burocrat? Ech kinnt di Saachen nämlech da selwer läschen, a bräicht net dauerend een ze froen. Wéi z.B. och déi aal Kategorien déi ech ersetzen ... asw --Alexandra 12:21, 27 Februar 2006 (UTC)

[Änneren] nei Schreifweis ?

"genee, awer am Konsens-Koinè" - Soll vun elo u bei all Geleeënheet eng Diskussioun ugoen iwwer eis Schreifweis? Kënne mer eis op déi "offiziell" eenigen oder kënnt et do nach zu Ofstëmmungen?? --Cornischong 15:42, 27 Februar 2006 (UTC)

Wat "d'Haaptuleies vun der Koinè ass", kann s d'eng Kéier mam Jérôme Lulling duerchschwätzen. Bis elo hunn déi meescht sech hei alt un "eng Schreifweis" gehalen. Ech denken, déi meescht wäerten domat weiderfueren. Wann dobäi sollt e Problem sinn, maache mer eng Ofstëmmung driwwer.--Cornischong 16:41, 27 Februar 2006 (UTC)

[Änneren] Aktiv

Salutti Otets, wann ech esou gesi wat déi lescht Stonne bäi komm ass, wars de jo zimlech aktiv ;-) Myriam 00:30, 2 Mäerz 2006 (UTC)

Dat nennen ech net vill, vill wier war mer mat de Griichen nach ëmmer gläichop léngen. --Otets 15:13, 2 Mäerz 2006 (UTC)

Mat e puer neien Artikelen wiere mir schonn méi no --Alexandra 15:41, 2 Mäerz 2006 (UTC)

[Änneren] Email

Also ouni der wëllen ze no ze trieden, mee ech mengen et wier gutt wanns du eng e-mail Adress géifs uginn. Myriam 23:09, 2 Mäerz 2006 (UTC)

OK, Merci Myriam 15:03, 3 Mäerz 2006 (UTC)


[Änneren] Interwiki Bot

Hi. I would like to run interwiki bot on lb:, but apparently there is some issue with getting through the red tape. My bot is already running on 90 wikipedia languages, and soon will pass its 1 million total edits. The bot is standard pywikipediabot bot (i'm one of the developers there). Please let me know what extra steps i need to take to get lb: bot status. My requests is still pending for lb: at this meta page. Please support. en:user:Yurik --66.65.150.103 07:05, 25 Mäerz 2006 (UTC)

In the present case we might indeed help. I worked with Quistnix in order to make the pywikipediabot code fit our specific order for InterMap prefixes. Hence, in principle no run time errors should be possible and a test period is actually not necessary. With respect to the understanding of the "Wikipedia:Bot" rules, I think that it might be sufficient if you would confirm your acknowledgement and approval of our main guidelines, saying that a bot shall be operated only between 23:00 and 8:00 CET with a maximum of 100 edits within 24 hours. Every change effected to the pywikipediabot code in relation to the lb-InterMap-prefix-order is subject to prior approval by the local lb-bot-committee. With your consent I would then take care of the necessary administrative filings and we might get through this swiftly. --Otets 12:15, 25 Mäerz 2006 (UTC)
Thank you for your quick reply. I see in the code that lb does have its own sorting order, so that shouldn't be a problem. I will have to add some code to actually monitor how many edits get posted to lb wiki - there is no really easy way to do that yet. I will probably start at this in about a week. Thanks. --Yurik 13:30, 25 Mäerz 2006 (UTC)

It will not be a problem if once you will have 110 edits, but the trespassing should not happen constantly and/or be substantially. I will file now your request at "Wikipedia:Bot" and then I need only 2 co-admins to give also their authorisation. --Otets 13:44, 25 Mäerz 2006 (UTC)

[Änneren] Template / Modeller

Ass et net méi 'Template:...', ma 'Modell:...', oder hunn ech Dech falsch verstan? JayCeeH 14:34, 27 Mäerz 2006 (UTC)

Am Fall vum "haiteg" läit den DLW falsch! (Dee gëtt jo "heiteg" un). De Pear hat reagéiert; am Josy Braun steet et ausdrécklech dran. Et kënnt vun "haut". --Cornischong 20:30, 30 Mäerz 2006 (UTC)

[Änneren] Wahrscheinlech

Salut Otets, Merci fir d'Äntwert, mee ech géif et gutt fanne wa mer eis géifen eens ginn wéi mer et schreiwen. Dann also awer mat "h"? Ech menge wa mer schonn eng Enzyklopedie opsetzen, misste mer jo d'Wierder eechen, oder? Myriam 20:47, 30 Mäerz 2006 (UTC)

Mat "h" ass sécher net falsch, op d'mannst bis d'Abiergerung definitiv ofgeschloss ass. Bleiwe mer also dobäi. --Otets 00:02, 3 Abrëll 2006 (UTC)

[Änneren] Fluchhafen oder Flughafen?

Wann ech den historique gudd verstan hun hues du am Dezember vun Flughafen op Fluchhafen geännert. Wann nett, da gëf et weider.

Och wann déi Leit déi an der Uflugschneis wunnen driwer fluchen ass deen Hafen wou e Flug ënnegt emmer awer e Flughafen. --Charel

Vu datt et awer en Hafen ass wou Flich ennegen ass et e Fluchhafen (dixit DLW). Meng Ännerung war also kee Feeler. --Otets 18:09, 3 Juli 2006 (UTC)

a mengem klenge Wierderbuch vun den 6000 letzebuerger Wieder stét Flughafen. Ass daat Wierderbuch falsch Les Meloures 12:46, 12 Juli 2006 (UTC)

[Änneren] Klëppelkrich

Hallo, ech kan deng sching Sproch net schreiwen, wie man sieht. Ich hab ne Frage: Du hast "Klëppelkrich" verfasst. Was heißt das "Klëppel"? Is das das gleiche wie "Knëppel"? Merci. Viele Grüße --85.197.31.45 22:19, 29 Juni 2006 (UTC) de:Benutzer:Jockl1979

Klëppel misst op Däitsch "Dreschflegel sinn. --Otets 18:09, 3 Juli 2006 (UTC)

Wat et MISST sinn huet eis net z'interesséieren. Mir sinn hei an enger Enzyklopedie, do geet et éischter em Tatsaachen. Well jo jiddereen, dee sech fir Lëtzebuergesch interesséiert säi Wierderbuch doheem huet, brauch en nëmmen ënner Dreschfligel ze kucken, fir ze gesinn, datt den Dreschflegel nieft Dreschfligel och Dreschfléiwel an am ieweschten Eislek Dreschfleel heescht. De Klëppel fënnt den Otets ënner K. Do ginn et e puer Bedeitungen, awer keen Dreschflegel. --Luftikuss 20:42, 3 Juli 2006 (UTC)

Un den Otets. (Ech hunn deen nach net hei begéint?!): Wanns de eng Kéier eng Fro hues, stell se op der "Ech hunn eng Fro" Säit. Et kann ee jo net alles wëssen --Luftikuss 20:46, 3 Juli 2006 (UTC)

Da si mer jo gerett. Oder och net. --Otets 09:01, 10 Juli 2006 (UTC)

do gëtt vil geschriww awer waat ass mat déne Leit déh nit onbedingt én letzebuerger Wierderbuch hun. (ech hun och ként oder weinstens kén komplett). Wir et nit méh einfach gewiescht Klëppel ze wikifiéieren an do op der Säit d'Erklärung ze ginn. Les Meloures 12:38, 12 Juli 2006 (UTC)

Dach, mee de Luftikuss, deen anscheined aleng d'Äntwert weess, wollt eis se jo op kee Fall matdeelen. --Otets 09:59, 27 Juli 2006 (UTC)

[Änneren] Piff

Ech wéss nit waaterén Piff de steckstoffreichsten ass, hun och vläicht an mengem Liewen nit alles gesinn méh Piff vun Pärd giff ech awer gären fannen . Les Meloures 12:21, 12 Juli 2006 (UTC)

Da muss de e Päerdsziichter froen. Déi Stéckstoff-Informatioun hat ech aus engem Lexikon. --Otets 09:59, 27 Juli 2006 (UTC)

[Änneren] Rout Bréck

Hir Faarw krut se, well zër Zäit vun hirer Konstruktioun et just een eenzegt Mëttel géint de Rascht gouf dat dofir gëeegent war, an dat war ebe rout.

Daat ass alt sou eng Behaaptung déh nit onbedingt stëmmt. Et goufen och schon zu déer Zeit Antiraschtfuerwen déh nit rout waren an daat rout waat elo drop ass huet och neischt méh domat zo dinn well si ass jo ereischt virun kuerzem nei ugestrach ginn. Les Meloures 13:04, 12 Juli 2006 (UTC)

Vun deem wat elo drop ass sot ech jo näischt. Sou wäit ech mech erënneren hat ech dat vun der Raschtfoarf an enger Publicatioun gelies. Onofhängeg vun eisem Artikel fënnt een dat och soss um Internet nach erëm. Mee wann s du fondéiert Sourcen hues déi eppes aneschters soen da loossen ech mech och gär beléieren. --Otets 09:59, 27 Juli 2006 (UTC)

Salut,

Ech hu mer déi Säit vun der Bréck do mol méi genee ugekuckt. Wann eng Hollännerin dat behaapt muss et natierlech stëmmen. :-)) Les Meloures 13:55, 25 Dezember 2006 (UTC)

Sécher ;-) Op alle Fall ass et en Ufank, well aner onofhängeg Sourcen hunn ech zu deem Thema leider guer keng méi erëmfonnt, du war ech da séier nees um Enn. --Otets 02:35, 28 Dezember 2006 (UTC)

Dat ass jo elo duerch dem Les Meloures seng Hëllef gutt op en Enn gaangen: et war déi bëllegst Antiraschtfoarf déi rout war a gebraucht gouf. --Otets 13:01, 14. Jun. 2008 (UTC)

[Änneren] TuvicBot

Hello, on July 15, I made a request at Wikipedia:Bot for a bot flag for my bot, User:TuvicBot. Because I got no reaction, I made a remark about that on July 22. Another 2 days later, I got an invitation to test-run my bot, to show the changes it would make. I did this, and no objections or reactions appeared at the request page, or at my talk pages. I kept the number of edits low as asked (max 10 a day). This morning, I found out that my bot was blocked without any request at any page to stop, nor any notice towards me. I then noticed discussion at Wikipedia:De Stamminet about the bot, and made a remark and explanation there. Up till now, no reaction has been noted there. Could you take a look at the request and De Stamminet, please? Also, note that have no bad intentions whatsoever, and that questions can be easily asked at my talk page here, or at my Dutch talk page. Thanks, --Tuvic 15:12, 1 August 2006 (UTC)

(P.S. I'm posting this message at the talk page of every sysop here at lb-wikipedia)

[Änneren] Talk: Aloyse Hentgen

Kanns Du mol an d'Diskussiounsät vum Aloyse Hentgen raluussen. Do muss eppes iwwerschafft ginn. Ech huelen un, Du bass den Auteur an ech iwwerloossen Dir dat. Merci. ernmuhl 09:39, 15 Dezember 2006 (UTC)

Do war de Pecalux wuel scho méi séier wéi ech mat verbesseren. --Otets 00:53, 25 Dezember 2006 (UTC)

[Änneren] Lëtzebuergesch Nimm vun net-letzebuergeschen Uertschaften

Gudden Owend. Hei eng Zesummefaassung vun dem Gebrauch vun "auslänneschen Uertschaftsnimm" op de lb-Wikipedia. De Siirk-Artikel hunn ech emol op Sierck-les-Bains geréckelt.

  • D'Uertschaften am lëtzebuerger Land droen als Lemma den Numm op Lëtzebuergesch an der Schreifweis vum Josy Braun sengem Bichelchen. (Well et keng offiziell Schreifweis fir Uertschafte gëtt, ass dat e valabele Kompromëss.)
  • Urtschaften am "Ausland" hunn als Lemma deen Numm, dee se an hirem Lan droen.

Ausname maache mer bei auslänneschen Nimm, déi en allgemeng bekannten Numm op Lëtzebeurgesch hunn (Roum, Tréier, Bréissel, Paräis) Selbstverständlech soll sou wäit wéi méiglech bannent dem Artikel den Uertschaftsnumm "erklärt" Mat allem Drëm an Drun.

  • Redirecten: Bei allen Nimm solle Redirecte gemaach ginn, wa se e Sënn erginn. Esou huet jiddereen d'Méiglechkeet en Uertschaftsnumm ze fannen.

Dat wäert eis erlaben, vun elo un eng eenheetlech Uertschaftsnimm-Politik ze fueren, déi méi iwwersiichtlech ass. Eng iwwergrouss Majoritéit huet sech fir déi Léisung ausgesprach. Et ass natierlech dru geduecht ginn, wann nëmme méiglech, an de respektiven Artikelen op d'Variante bannen den Ënnermondaarten anzegoen, eppes wat bis elo leider zevill vernoléissegt gouf. Déi sech vun deenen Theman ugezu fillen kënne sech selbstverständlech um Opbau vum Artikel Lëtzebuergesch Nimm fir auslännesch Uertschaften ze bedeelegen. --Cornischong 19:39, 9 Januar 2007 (UTC)

Mengs de en neien Artikel oder deen aktuellen, deen s de awer mat engem EnCours wahrscheinlech fir dech behale wolls? --Otets 19:58, 11 Januar 2007 (UTC)

[Änneren] Sodec

Salut

Merci fir d'Info an deeër Saach. Et wier flott wanns de kéins de geneeën Datum vun der Opléisung eraufannen. Wann et der net méiglech ass so mer w.e.g Bescheed op menger Diskussiounssäit. Les Meloures 21:59, 15 Juni 2007 (UTC)

Rebonjour
Merci fir d'supplementar Info ech Kann domatter eraus fannen wat lass war.
Les Meloures 22:12, 15 Juni 2007 (UTC)

[Änneren] haiteg/heiteg

Salut,

Du hues mech gefrot op een offizielle Grond gëtt firwat ech haiteg an net heiteg schreiwen? Also ech beruffe mech op dem Josy Braun sài Bichelchen Eis Sprooch richteg schreiwen (12. Oplo Säit 22 resp. Säit 85). A wann ech dat richteg matkritt hunn dann ass dat eis grouss Richtlinn bei der Orthographie. Wanns du awer elo wëlls wësse wou de Josy Braun dodru kënnt da muss du dech schonn unn hie wenden. Ech si just der Meenung mir sollten hei versichen esou eenheetlech wéi méiglech ze schreiwen fir datt mir eis net onnëtz selwer dronkech maachen.

Mat beschte Gréiss Robby 15:19, 23 Juni 2007 (UTC)

DLW a Josy Braun schénge sech also ze widerspriechen. Waarscheinlech läit et dodrun, op een dat Wuert als en agebiergert gesäit oder net. Bosseg ass dee Widersproch trotzdem, well den DLW seet e géif sech un déi lescht Consignë vum Sproocherot halen, an do sëtzt menges Wëssens de Josy Braun dran. --Otets 17:25, 26 Juni 2007 (UTC)


MOIEN

neen souguer fir d'Libanesen ass .lb den top level domain fir Libanesien. Fir Lëtzebuerg ass et .lu Les Meloures 18:58, 6. Jan. 2008 (UTC)


[Änneren] Steenueleg

Zali;

hunn och keen Dictionnaire bei Hand; warscheinlech gëtt et fir déi zwou Versionen Argumenter dofir: Der Etymologie no wier 1 L, der Aussprooch hier wieren 2 L-e "méi richteg". Meng Preferenz geet liicht fir déi lescht, mee dat wëll näischt soen. --Z.


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -