See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Benotzer Diskussioun:Otets - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Benotzer Diskussioun:Otets

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Archiv 1 - Archiv 2 - Archiv 3 - Archiv 4 - Archiv 5

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Drosbech

Salut,

Ech huele mer deeër Saach nach am Laf vun Dag un, soubal ech mat menge franséische Fläissaarbechte fäerdeg sinn. Les Meloures 16:12, 15. Abr 2008 (UTC)

Remoien
Dat mat de Punkte beim Land huet geklappt. Mat de Schablounen ass et esou datt een d'Ännerung net an engem Preview ka gesinn. Et muss een ofspäicheren. Wann een se dann nach net gesäit, muss een se nach eng Kéier opmaachen, op ännere klicken an dann e Preview maachen. Da geséis de eréischt op et klappt. ~~

[Änneren] Salut

Ok merci fir d'Rootschléi! Globi

[Änneren] Hëllefsäiten

Gudde Moien, Jo, dat kann ech machen. Hunn am Moment zwar net esouvill Zäit, mä ech denken op e puer Deeg kënnt et jo och net méi un :-) Ech gi mir dat emol ukuken. Dat dierft awer kee Problem sinn. --Alexandra 04:26, 20. Mee 2008 (UTC)

[Änneren] E schéinen Dag

"Wéi de Les Meloures eng Kéier virgerechent huet si vun eisen 1.027 Fair use Biller jo Dosene vun där selwer,": Déi Feeschtentrëppelereien do hunn ech guer net gär! Et ass net ganz kontruktiv, deem emgem seng Katz deem aneren op d'viischt Dier ze kieren. Am Rosa Parks-Artikel hunn ech zwee Biller fonnt, déi ech ënner Fair use dragesat hunn. Huet ee mat deenen e Problem?? An ier nach ee mam Qualitéits-Argument hauséiere leeft bei de Rosa Parks-Biller: mer kënne frou sinn, datt mer iwwer déi Fra en Artikel hunn! Ech kann a wëll net nach méi Zäit hei mat Idiotië verléieren. Wann een e Problem mat enger Foto huet, déi ech gemaach oder eropgelueden hunn, da soll dee mer dat soen, a mer net de Katzeemer an d'Genéck schëdden. Dee mam Katzeemer kéim vläicht besser iwwer d'Ronnen, wann deen e bësser manner Opmierksamkeet krit. Wat de Grond ass, datt dee mär mat Klibber hannendru leeft, kann ech mer denken. Et wäert, wann dat Nervegeraaspels esou weidergeet, net méi laang daueren, da ka jiddereen et noliesen. Awer lo geet d'Sonn geschwënn nees op, an déi beschasse Kalzongen kënne mer vun der Léngt huelen. An: Et geet mer iwwerhaapt net drëm, fir deeglaang Diskussiounen ze triwwelen iwwer Lizenzen; dat dierft bekannt sinn!! Den Afenzirkus iwwer déi Timberen ass mer awer laang genuch op de Geescht gaangen. Wa mer eege Fotoe brauchen, da soll ee se maachen oder een dat op d'Säit "Fotoen, déi eis feelen" schreiwen, an da wäert dat schonns an d'Rei goen. E schéinen Dag nach. --Cornischong 03:18, 30. Mee 2008 (UTC)

Et huet keen e Problem mat denge Fair use Biller, au contraire, et geet drëms fir där domadder kloer ze man datt s du net all puer Woche Problemer mat der Fair use Lizenz opwerfe solls wann s de jo u sech keng Problemer do gesäis. --Otets 09:11, 30. Mee 2008 (UTC)

Salut. Tjo, fir et (nach eng Kéier ze soen): Et waren deng konfus Erklärungen, déi mech derzou bruecht hunn, e puer Froen ze stellen, déi nach keng Äntwert kruten. An: Da solle mer och net mat Fair use ëm eis geheien. Wou dann déi "Autorisatioun" fir déi Biller ass, hat ech och gefrot. Eng Äntwert krut ech dozou och nach net. Wann der hei net wëllen, datt "all puer Wocjen" de Problem opgeworf soll ginn, da solle se mathëllefen, datt dee Problem sech manner (fir net ze soen, ni) stellt. Sou einfach kann d'Liewe sinn. Wa kee méi onméiglech Krätzbiller eropluet, da wäert kee méi eppes vu Krätzbiller (mer kënnen dat och méi wëssenschaftlech ausdrécken) schreiwen. An dobäi ginn et der, déi bis elo et net iwwer d'Häerz bruecht hunn, mat e puer ganz klengen Ausnamen, engem ze soen "Deng Foto ass technesch komplett niewendrun". Wéi ech dem Misty geschriwwen hat, datt op senger Mubautzfoto 2/3 vum Himmel keng Zeechnung ass, huet deen iwwerhaapt net reagéiert. Wat géing geschéien, wann een, deen eng Anung vu Fotoen huet, déi läscht? Ganz richteg. Genee dat. Sou genuch Getalks fir haut. D'Artikele fille sech vernoléissegt. --Cornischong 09:33, 30. Mee 2008 (UTC)
Bei Saachen hei aus dem Land ass et effektiv einfach selwer Biller ze produzéieren an esou de Gebrauch vu Fair use Lizenzen ze limitéieren. Bei Saache vun auswäerts hu mer als kleng Natioun awer leider net iwwerall e Korrespondent sëtzen. Dofir wäert eng kleng Wiki wéi eis, wa se dann nach weiderhi Wäert drop leet, eng vun deenen ze sinn déi am Beschten illustréiert ass, net ganz laanscht Fair use Lizenze kommen. Wa mer awer do elo ganz streng bei der Justificatioun kontrolléiere sollen, da mécht de Justificatiounspunkt "eng méi eng kleng Resolutioun oder eng manner gutt Qualitéit wéi d'Original" där sécher am mannste Freed, well dat fuedert Biller mat enger Hautkränkt jo grad eraus. Wat d'Autorisatioune froen ugeet, do hunn ech jo scho geschriwwe gehat, du solls mer soen, wéi een da beweise soll datt ee wierklech eng Autorisatioun huet, an do sinn ech et dee keng Änwert krut. Där mat Recommandé eng vum Notär legaliséiert Kopie vun der Autorisatioun schécken? Bei jidderengem dee behaapt et wier seng eege Foto eng schrëftlech Attestatioun vun zwee Zeie froen? Oder wéi bis ewell jidderengem Glawe schenken, ausser et gëtt Unhaltspunkter datt do eppes net stëmme kann? Also ech tendéiere fir déi lescht Solutioun. Gudden Appetit. --Otets 10:08, 30. Mee 2008 (UTC)

[Änneren] Éischt Schrëtt

Ech sinn am gang dat nozekuken, et schéngt mir op den éischte Bléck richteg ze sinn. Ech iwwerpréifen nach eng Kéier alles. Et wäert un enger Klengegkeet leien. --Alexandra 06:18, 30. Mee 2008 (UTC) Et misst elo goen. Et muss en all Kéiers den Numm vun der Säit nach eng Kéier aginn beim Switch, ier ee mat den Ënnerandeelungen weiderfiert. --Alexandra 06:27, 30. Mee 2008 (UTC)

[Änneren] Lizenzen

Salut

Zum Fair-Use:

  • Mer hunn eng Schabloun, du brouchs dofir keng nei mé ze maachen. Et geet vläicht duer déi al ëmz'änneren oder ze kompletéieren.

Les Meloures 17:43, 31. Mee 2008 (UTC)

Jo, dat ass eng gutt Fro, mer mussen dat op de Stamminet bréngen. Ech kennen een dee sech "si tacuisses" wäert soen. --Otets 12:04, 1. Jun. 2008 (UTC)

[Änneren] Referenzen

Gudden Owend,

Well anscheinend net jiddereen Zäit huet fir d'Getalks ze liesen an op Froen ze reagéieren, a fir bei der Aktualitéit ze bleiwen, setzen ech emol jiderengem deen an de leschte 24 Stonnen aktiv war dës Info déi och um Staminet ze fannen ass op seng Säit.

De Playmisty hat dës Fro gestallt:

Referenz small -- kéint een dat nët an de Modell Referenz direkt aprogramméieren?).

Ech hunn du mol bei de franséschen an däitsche Nopere gekuckt wéi dat bei deene fonktionnéiert. Komescherweis ginn d'Referenzen do a Klengschrëft ugewissen wann se déi selwecht Programméierungszeeche wéi mir gebrauchen. U wat et läit, datt et bei ons a Grousschrëft ugewise gëtt, hunn ech awer net erausfonnt.

Dunn hunn ech probéiert fir eng eege Schabloun ze bastelen:

D'Resultat an den Ënnescheed gesitt der hei ënnendrënner mat der Syntaxt derbäi

<ref>De Pitt ass do</ref>  mat ënnendrënner <references />

gëtt dat heite Resultat:[1]

  1. De Pitt ass do
<ref>De Pitt ass do</ref>  mat ënnendrënner der neier Schabloun {{Referenzen}}

gëtt dat heite Resultat:[1]

Referenzen

  1. De Pitt ass do

Les Meloures 20:28, 7. Jun. 2008 (UTC)

[Änneren] CSS

Salut,

Ech hu gesinn du has do mat prettytable probéiert, a gläich duerno festgestallt datt et net klappt. Dat kann awer och dru leien dat de System d'Informatioun eréischt bei dem nächsten Update iwwerhëlt. Vläicht nach eng Kéier asetzen an dann 2 Stonne waarden éiers de probéiers.

Les Meloures 08:14, 10. Jun. 2008 (UTC)

Merci villmools, et lung effektiv just dodrun, elo klappt et! --Otets 10:59, 10. Jun. 2008 (UTC)

[Änneren] Meisterkoch an aner Benotzer

Salut,

Merci, fir d'Hëllef beim Entspäre vum Meisterkoch. War haut net richteg op Zack. Les Meloures 21:52, 10. Jun. 2008 (UTC)

Kee Problem, dat ass jo de Wiki-Prinzip. --Otets 23:34, 10. Jun. 2008 (UTC)

Moien. "Schéin datt s du dech wëlls ëm d'Qualitéitssécherung këmmeren." Dat liest sech gutt, nodeems ech ënner Bammbelbi ageloggt war, eppes kritiséiert hunn, a vun engem PlayMistyForMe "nach nët definitiv Transvestiten" definéiert gouf. Ass dat den Tounfall op dëser Wikipedia? An deem Fall wënschen ech nach e schéinen Dag. Mat deenen Ëmganksforme wäert der sécher e grousse Succès hunn. Carlo Winandy

[Änneren] Schreifweis op Diskussiounssäiten

Du hues mir folgende Message geschéckt: Feeler an Artikele gi verbessert, deng Feeler déi s du hei driwwer op der Diskussiounssäit schreifs loossen ech awer stoen. Artikele sinn am Koinè gehalen, awer op Diskussiounssäiten ass Dialekt erlaabt. Mee net all Fantasieschreifweis ass en eegenen Dialekt, well och d'Dialekter hu sech strikt un d'Regele vum groussherzogleche Reglement vum 30. Juli 1999 ze halen. Och där nach vill Gléck mat dengem Boykott. --Otets ♣ 00:25, 19. Jun. 2008 (UTC)

War dëse Message wirklech fir mech? Wa jo, vu wellechem Boykott geet do riets? Ech hunn nach nie iergend eppes vun iergendengem Boykott fale gelooss. --Pecalux 04:51, 19. Jun. 2008 (UTC)


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -