Ostchinesescht Mier
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Ostchinesescht Mier ass e Niewemier vum Pazifik a läit tëscht China, Nordkorea, Südkorea, Japan an Taiwan. Den nërdlechsten Deel, d'Gielt Mier trennt d'koreanesch Hallefinsel vum chinesesche Festland. D'Ostchinesescht Mier breet sech iwwer ronn 1 249 000 km² aus.
Zënter datt an de 1980er Joer bewise konnt ginn, datt ënnert dem Mieresbuedem grouss Petrols- a Gasfelder ze fanne sinn, behaapt sech d'Volleksrepublik China drop datt d'Gebitt vum Ostchinesesche Mier eng natierlech Verlängerung vum Kontinentalsockel ass an domatter der chinesescher Souverainitéit ënnersteet. De Grenzkonflikt mat Japan ëm d'Mier ass zënterhier net op en Enn komm. D'Ostchinesescht Mier ass vu grousser strategescher Bedeitung fir China. Engersäits wéinst senge natierleche Ressource, anersäits ass d'Mier esou eppes wéi d'Haaptentréesdir fir d'Pëtrolstanker aus dem Mëttleren Oste Richtung ostasiatesche Marché.
A China heescht d'Mier Ostmier, a Korea gëtt dogéint vum Südmier geschwat.
[Änneren] Um Spaweck
- Oil and gas in troubled waters The Economist. 6. Oktober 2005.
- J Sean Curtin. Stakes rise in Japan, China gas dispute Asia Times Online. 19. Oktober 2005.