Notabeleversammlung
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Notabeleversammlung (fr.: Assemblée des notables) war, a Frankräich, eng Versammlung déi vum Kinnek konsultéiert gouf zu Froen déi d'Kinnekräich betraff hunn, a wou d'Membere vum Kinnek ausgewielt goufen. Dës Versammlung hat vill verschidden Nimm, den Ausdrock « notables » koum vun der Versammlung zu Rouen am Joer 1596.
Den Ënnerscheed zu de Generalstänn koum dohir, wéi d'Leit ausgewielt goufen, déi an der Notabeleversammlung suzen. D'Membere vum Klerus, vum Adel, vun de Stied a vun de Parlamenter goufen net gewielt mee vum Kinnek erausgesicht. Ausserdem goufen si invitéiert, hir Meenung ze soen, hunn awer keng Doléancë verfaasst (mat der Ausnam vun der Versammlung vu 1596 déi dëst Recht hat).
Och wann d'Versammlunge genee wéi d'Generalstänn no de Methode vum « Grand conseil » ofgehale goufen, hate si nëmmen eng partiell konsultativ Form, déi dem Kinnek méi trei war, well si vun him erausgesicht gouf. Si goufen ënner anerem zesummegeruff, fir Reformen an nei Steieren ze legitiméieren an/oder hinnen zouzestëmmen.
Tëscht 1627 a 1787 (160 Joer) gouf keng Notabeleversammlung aberuff.
Déi zwou lescht Versammlungen, déi aberuff goufen, sinn déi bekanntesten. Déi éischt gouf den 22. Februar 1787 aberuff an huet bis zum 25. Mee vum selwechte Joer gedauert, déi zweet ass de 6. November 1788 lassgaangen an huet bis den 12. Dezember gedauert:
- Déi éischt Versammlung gouf vum Louis XVI. aberuff, fir Subside vun deem Deel vun der Natioun ze froen, dee bis elo nach keng Steiere bezuelt hat: d'Notabele ware mat enger Steier op d'Lännereien averstanen, genee sou wéi enger Steier op Timberen an dem Ophiewe vun de Corvéeën. D'Parlament huet awer refuséiert, dës Mesuren z'enregistréieren, well laut hinnen nëmmen d'Generalstänn d'Recht hätten, esou Reformen opzestellen. Den Haff huet, nodeems en de Parlamenter net Meeschter gouf, resignéiert, a beschloss d'Generalstänn anzeberuffen.
- Déi zweet Notabeleversammlung gouf aberuff, fir iwwert d'Organisatioun vun de Generalstänn ze schwetzen. Et goung drëms, erauszefannen, wéieng Roll den Drëtte Stand ze spillen hätt, wann hien déi selwecht Representatioun wéi déi zwee aner Stänn, Adel a Klerus, géif kréien. Sollt no Kapp oder no Stand ofgestëmmt ginn, sollt den Drëtte Stand nëmmen eng Stëmm hunn, oder sollt dës verduebelt ginn, dat waren d'Froen déi sech gestallt goufen. D'Notabeleversammlung huet sech géint eng Verdueblung vun der Stëmm vum Drëtte Stand ausgeschwat, mee den Haff huet dem ëffentlechen Drock noginn, an et awer duerchgesat.
[Änneren] Chronologie vun den Notabeleversammlungen
- Mee 1506, Tours
- Dezember 1527, Paräis
- Januar 1558, Paräis
- August 1560, Fontainebleau
- Juli-August 1575, Paräis
- November 1583 - Februar 1584, Saint-Germain-en-Laye
- November 1596 - Januar 1597 , Rouen
- Dezember 1617 - Januar 1618, Paräis
- September 1625, Fontainebleau
- Dezember 1626 - Februar 1627, Paräis
- 22. Februar - Mee 1787, Versailles
- November - Dezember 1788, Versailles