See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Niki de Saint Phalle - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Niki de Saint Phalle

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

La grande Tempérance, Émile Hamilius-Plaz (um Aldringer an der Stad Lëtzebuerg) - 5. Juni 2008
La grande Tempérance, Émile Hamilius-Plaz (um Aldringer an der Stad Lëtzebuerg) - 5. Juni 2008

Niki de Saint Phalle, gebuer ënnert dem Numm Catherine Marie-Agnès Fal de Saint Phalle den 29. Oktober 1930 zu Neuilly-sur-Seine (Hauts-de-Seine, Frankräich) a gestuerwen den 21. Mee 2002 zu San Diego (Kalifornien, USA), war eng franséisch Kënschtlerin, Plasticienne, Molerin, Sculptrice a Filmregisseurin. Si ass u schläichender Vergëftung duerch toxesch Ausdonstunge vum Polyester, dem Material mat deem si haaptsächlech geschafft huet, gestuerwen.

D'Niki de Saint Phalle war um Ufank Schauspillerin a Mannequin fir d'Mouderevueen Vogue an Harper’s Bazar. Si hat keng artistesch Ausbildung. 1953 huet si no enger Depressioun als Autodidakt mat der Molerei ugefaangen: "je suis devenue artiste car il n’y avait pour moi aucune alternative. C’est la raison pour laquelle je n’ai pas été forcée à prendre une décision, ce fut mon destin".

1961 gehéiert si den Nouveaux réalistes un, zesumme mat Leit wéi Gérard Deschamps, César, Mimmo Rotella, Christo an Yves Klein. Si war fir d'éischt mat dem amerikaneschen Schrëftsteller Harry Mathews, dono mat dem schwäizer Kënschtler Jean Tinguely bestuet.

D'Kënschtlerin ass weltwäit bekannt wéinst hire Nanaen (Fr., pl.: Nanas = Fraleit, Mossen, Schécksen). Am Kader vun der Kulturhaaptstad Lëtzebuerg 1995 huet si d'Ausstellung Nanas organiséiert, déi vum 15. Mee bis den 15. Juli 1995 vun der "Banque Générale de Luxembourg" (haut Fortis) organiséiert gouf. Virun allem wärend a no der Oktav huet dës Ausstellung fir hëtzeg Debatte gesuergt[1], well fir d' Schlussprëssessioun, den 21. Mee 1995 d'Statu "Clarice again", déi um Parcours vun der Prëssessioun stoung, vun den Autoritéite mat engem Duch zougehaange gi war. Et ass dëst ee vun de rezenteste Fäll vun Zensur zu Lëtzebuerg.

D'Ausstellung "Nanas" mat hiren 11 Wierker uechtert d'Stad Lëtzebuerg stung um Ufank vun enger Serie vu grousse Konschtausstellungen am ëffentleche Raum zu Lëtzebuerg [2].

D'Nana "La grande Tempérance" gouf nom Kulturjoer vun der Stad Lëtzebuerg zesummen mat der Banque Générale du Luxembourg an der lëtzebuergescher Post opkaaft [3]. Si steet zanterhier um Aldringer an der Stad Lëtzebuerg.

[Änneren] Referenzen

  1. Wagner, Guy, 1995. Zu einer Verhüllungsaktion: Luxemburg, europäische Stadt katholischer Zensur. kulturissimo, Tageblatt, 24.5.1995.
  2. La culture dans la rue ! La Ville de Luxembourg est un acteur incontournable de la politique culturelle du grand-duché. Un entretien avec la responsable politique, l'échevin Colette Flesch. Débat culturel, D'Lëtzebuerger Land, 23 février 2001.
  3. Mettler, Elisabeth, 2005. Was bleibt von „Europäischen Kulturhauptstädten“? Nachhaltige Effekte oder Strohfeuer für ein Jahr. Diplomarbeit zur Erlangung des akademischen Grades einer Magistra der Philosophie an der Geisteswissenschaftlichen Fakultät der Karl-Franzens-Universität Graz (Institut für Volkskunde/Kulturanthropologie).


[Änneren] Fotoalbum vun hire Wierker

[Änneren] Um Spaweck


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -