Naturschutzgebitt Wéngertsbierg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wéngertsbierg ass den Numm vun engem schützenswäerte Gebitt an de Gemenge Lenneng a Fluessweller. A west-ëstlecher Richtung tëscht Kanech a Gouschtengen erstreckt sech op 1,8 km um Wéngertsbierg e strukturräicht Gebitt mat alen an zum Deel verwëlderte Wéngerten, Bongerten a Brooche vu ronn 40 ha.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geschichtleches
Zënter dem 18. Joerhonnert hu Baueren aus Kanech a Gouschtengen éischt Wéngerten a klenge Parzellen am südlech exponéiertem Hank vum Kanecher Wéngertsbierg, deen an der geologescher Formatioun vum Muschelkallek läit, ugeluecht a Wäibau bedriwwen. An der Zäit tëscht 1880 an 1920, wou de Wäibau zu Lëtzebuerg sou richteg gebléit huet, hate si rondrëm Kanech hir gréisste Fläch ageholl. A schwéierer Aarbecht sinn deemools Terrassen, an den Hank gegruewe ginn, nodeems fir d'éischt Getraisch ofgeholzt an heiansdo souguer Stengbätz gesprengt goufen. Mat Hëllef vun Dréchemaueren, déi zousätzlech verhënnert hunn datt bei staarkem Reen de Buedem oftransportéiert gëtt, sinn d'Terrasse stabiliséiert ginn. Souguer op manner gëeegente Flächen, wéi op der Buurg géigeniwwer vum Wéngertsbierg ass Wäibau bedriwwe ginn. Deemools war de lëtzebuergesche Wäi vu kenger besonnescher Qualitéit an ass haaptsächlech fir den Export no Däitschland produzéiert ginn, wou e wéinst sengem staarke Saieregehalt mat däitsche Wäiner verschnidde gouf.
Duerch d'Ënnerschreiwe vum Traité vu Versailles 1918 huet Lëtzebuerg den däitschen Zollveräin verlooss, woumat d'lëtzebuerger Wënzer hire wichtegste Marché verluer haten. Fir sech un déi nei Conditioune vum Marché unzepassen, huet een decidéiert op eng Produktioun vu gudder Wäiqualitéit ëmzeklammen, wat zu groussen Ëmstrukturéierunge gefouert huet. Zousätzlech huet zu Lëtzebuerg 1921 d'Ausbreedung vun der Rieflaus a groussem Mooss zu enger Verännerung gefouert. Wéinst ze héije Käschte fir déi befalen Drauwestäck z'ersetzen, sinn 1922 e Véierel vun de Wéngerte verschwonn. Gläichzäiteg huet déi schwéier Aarbecht am Wéngert mat bäigedroen, datt ee manner favorabel Flächen opginn huet. Zu där Zäit ass d'Aarbecht vun der Drauwelies bis zum Verkaf vum Wäi ganz per Hand erleedegt ginn. Déi vill Terrassen op deenen d'Riewe stoungen an déi vun Dréchemauere gestäipt goufen, hunn eng maschinnell ënnerstëtzten Aarbecht onméiglech gemaach. Duerch d'Moossname vum Remembrement zënter 1970 ass Kanech gréisstendeels verschount bliwwen. D'Regruppéierung vun de Wéngerten huet sech just op d'Ewechrappe vun eenzelnen Dréchemaueren a verschiddene Parzelle limitéiert. Wann och nach bis an d'Mëtt vum 20. Joerhonnert op gréissere Fläche vum Kanecher Wéngertsbierg Wäibau bedriwwe gouf, sou hunn dach déi meeschte Wënzer hir Drauwestäck lues a lues ganz einfach opginn.
Zënter den 1990er Joren huet d'Fondatioun Hëllef fir d'Natur éischt Parzellen am Gebitt opkaf, déi zum Deel schonns staark verwëldert waren, a beméit sech zënterhier fir dës al Kulturlandschaft z'erhalen.
[Änneren] Ökologie
[Änneren] Biologesche Wäibau
Wéinst dem staarke Réckgank vum Wäibau an der Kanecher Géigend, ass op Initiativ vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur an Zesummenaarbecht mat der lokaler Sektioun vun der Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga decidéiert ginn, zënter 1995 en ale vernoléissegte Wéngert mat Dréchemaueren um Wéngertsbierg no den Directive vum biologeschem Landbau nees weider ze bewirtschaften. Als éischte vu senger Zort zu Lëtzebuerg erstreckt sech dëse Wéngert iwwer eng Fläch vun 51 ar vun dräi Hektar, déi hautesdaags nach exploitéiert ginn. Dës Notzung ouni chemesch-synthetesch Planzeschutz- an Düngemëttel ass praktesch nëmmen an ofgeleeënen a fréier genotzte Säitendäller vun der Musel méiglech, déi vun de groussflächege Wäibiergbesprëtzungen aus der Loft verschount bleiwen. Am Géigesaz zum konventielle Wäibau ginn an dësem Wéngert verhältnesmäisseg al Drauwestäck bäibehalen, déi zwar net esou produktiv sinn, allerdéngs eng qualitativ besser Rekolt erginn. Bei der Drauwenzort handelt et sech ëm Rhäifränsch (Elbling), deen zu Kanecher Gotteszorn an an e Vin mousseux, genannt Terrasses d'Or, verschafft a privat vermaart gëtt. Den Erléis vum Wäiverkaf kënnt der Fleeg vum Wéngert zegutt. Fir dat lokalt Kulturierwen z'erhalen, sinn all Joers Schoulklassen un der Rekolt an dem Drauwepresse bedeelegt. Dëse Projet ass 1997 mat dem Henri Ford European Conservation Award ausgezeechent ginn.
[Änneren] Naturléierpad
[Änneren] Referenzen
- Brochure: Découverte du Kanecher Wéngertsbierg et de la commune de Lenningen. Gemeng Lenneng, LEADER+ Lëtzebuerger Musel, 2006.
- Canecher Wéngertsbierg
- Revitalisierung alter Weinbergsbrachen