See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Naturschutzgebitt Manternacher Fiels - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Naturschutzgebitt Manternacher Fiels

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Manternacher Schluchtbësch
Manternacher Schluchtbësch

Manternacher Fiels ass en Naturschutzgebitt an de Gemenge Manternach a Mäertert. Am beandrocksvollem Sirdall tëscht den zwou Uertschaften erstreckt sech e Bëschgebitt, wouvun zirka 132 ha zënter 2000 ënner Naturschutz stinn. D'Manternacher Fiels ass besonnesch bekannt fir säi landeswäit eemolege Schluchtbësch.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Geologie a Geschichtleches

E groussen Deel vun der Muselgéigend ass geologesch geprägt vum Muschelkallek, dee virun zirka 200 bis 240 Millioune Joren aus der Period vun der Trias duerch Sedimentatioun aus engem fréiere Mier entstan ass. D'Oflagerung vum Ieweschte Muschelkallek ass en haarden Dolomitsteen, dee géi Uewerhäng am Sirdall bild an dem ënneschten Deel vum Dall säin Numm Fiels ginn huet, während de Mëttlere Muschelkallek aus engem mëlle Gipsmergel besteet an ofgerënnten Ënnerhäng forméiert. D'Sir huet sech am Laf vun der Zäit duerch d'Waasserkraaft an d'Schichte vum Muschelkallek agedéift an d'Dall geschaf. Duerch déi geologesch, klimatesch Bedéngungen an déi fréier Kulturlandschaft mat de Manternacher Wäibierger a Bongerte besteet d'Dall haut aus engem villsäitegem, awer nach bal ganz mat Bësch bedecktem Gebitt.

Am Sirdall hu fréier net manner, wéi 22 Mille gedréit, déi all d'Waasserkraaft vun der Sir genotzt hunn a vu grousser Bedeitung fir déi wirtschaftlech Entwécklung an der Géigend waren. Fënnef vun hinen waren tëscht Manternach a Mäertert situéiert, dorënner och d'Holzmillen oder Holzschleiferei genannt, déi haut net méi besteet. Si ass an der Mëtt vum 19. Joerhonnert vum Jules Lamort zur Produktioun vun Holzbräi als Matière première fir d'Papeierhirstellung an der Papeierfabrik Lamort, baachopwäerts tëscht Manternach a Wecker, opgeriicht ginn. Zum Bedreiwe vun dëser Millen ass e Stauwier entstan, dat d'Waasser vun der Sir an e Kanal geleet huet. De Kanal huet iwwert en Aquadukt d'Sir traverséiert an iwwer ronn 850 Meter bis zum Waasserhaus vun der Holzmillen gefouert, dat zwielef Meter iwwert dem Niveau vun der Sir luch. Während dem zweegleisegem Ausbau vun der Zuchstreck Lëtzebuerg - däitsch Grenz, déi duerch d'Dall féiert, huet ëm 1906 en Äerdrutsch d'Mille gréisstendeels zerstéiert.

D'Dall ass wéinst sengem groussem ökologeschem Wäert mat Kärberäich ronderëm de Schluchtbësch mam groussherzoglechem Reglement vum 6. Mee 2000 mat 132,04 ha zum Naturschutzgebitt ausgewise ginn. Am Kader vun der EU-Habitatdirectiv (92/43/CEE) gehéiert den Dall tëscht Manternach an der Fielsmillen (baachofwäerts vun der Holzmillen) mat 171 ha gläichzäiteg dem europäeschem Natura 2000-Netz vu schützenswäerte Gebidder un.

[Änneren] Ökologie

Ökologesch interessant ass deen no Norden exponéierten Hank vun der Fielsmillen, dee vum Manternacher Schluchtbësch ageholl gëtt. Dës Bëschgesellschaft, déi eng héich Loftfiichtegkeet a Killt bevirzitt, kennt nëmmen op spezielle Standuerte vir. De Bestand vum Manternacher Schluchtbësch wiisst op engem Geröllhank aus engem basen- an nährstoffräichem Buedem, dee vu Sickerwaasser duerchzunn a gutt duerchlëft gëtt. Zesummewierke vun dëse Fakteure schaaft optimal Bedéngunge fir e séiere Planzewuesstem. Séier gëtt d'Routbich (Fagus sylvatica) haaptsächlech vum Aaschtert (Acer pseudoplatanus), der Esch (Fraxinus excelsior), awer och vun der Lann (Tilia platyphyllos) an dem Routholz (Ulmus glabra) an hirer jonker Phas iwwerwuess a schliisslech verdrängt. D'Krautschicht gëtt vu Faren, Moossen a Kreider, déi sech un d'Feele vu Liicht an eng héich Loftfiichtegkeet ugepasst hunn dominéiert. Zu hinnen zielen déi charakteristesch, un dëse Standuert ugepassten Hirschzong (Phyllitis scolopendrium) a Gëftschwanz (Actaea spicata).

Eng aner Bëschgesellschaft an der Reserv ass den thermophilen Eechebësch, dee sech um Südhank vun der Muschelkallek-Fielswand erstreckt. Am Géigesaz zu dem Schluchtbësch handelt et sech hei ëm en dréchen-waarme Standuert, dee vun der héijer Sonnenastahlung profitéiert an duerch dat waasserduerchlässegt Kallekgestengs begënschtescht gëtt. Un dës extrem Conditiounen huet sech d'Vegetatioun vun den Eechebëscher ugepasst. Si forméieren éischter krëppeleg, 10-15 m héich, trauschaarteg Bëscher mat enger ausgeprägter Baum-, Trausch- a Krautschicht. Dominéiert gëtt d'Bamschicht vun der lues wuessender Quercus petraea, nieft Quercus robur, Sorbus torminalis, Sorbus aria an der Lann (Tilia cordata). Ënnert dem Krounendaach vun dëse Beem wiisst de seelene Kierelter (Cornus mas). Charakteristesch fir d'Krautschicht vun dëser thermophiler Bëschgesellschaft ass d'Schlësselblumm (Primula veris). Seelener kennt d'Lithospermum purpurocaeruleum vir.

Naturnoe Waasserlaf vun der Sir
Naturnoe Waasserlaf vun der Sir

Den naturnoe Waasserlaf vun der Sir an der Manternacher Fiels zeechent sech duerch e breet a flaacht Baachbett aus, an dem d'Waasser sech fräi beweege kann an amphibesch Liewensraim schaaft. Duerch Erosioun a Sedimentatioun bei staarker respektiv schwaacher Stréimung bilde sech Sand- a Kiselbänken, déi am Summer an Erscheinung trieden, wann Deeler vum Baachbett dréche falen. Si ginn a kierzter Zäit vun enger, un dës Bedéngungen ugepasste Vegetatioun bedeckt, déi de stännege Wiessel vum Waasserniveau erdréit an an e puer Summerméint hire ganze Liewenszyklus duerchleeft. An dësem Deel vun der Sir wiisst Ieselskraut (Petasites hybridus) mat hire grousse Blieder a Flossdeltebëscher, déi vun der Alënter (Alnus glutinosa) dominéiert ginn. Si befestege mat hirem Wuerzelsystem d'Sand- a Kiselbänken respektiv d'Tallien am Uferberäich. Am Fréijor notze vill Fësch, wéi d'Baachfrell (Salmo trutta), déi nëmme liicht iwwerschwemmte Kiselbänken als Läichplaz, während am Summer op de Bullisflächen d'Baachmärel (Cinclus cinclus) an de Giele Wanterpanestäerzchen (Motacilla cinerea) no Friesse sichen.

[Änneren] Naturléierpad

Panneau vum Léierpad
Panneau vum Léierpad

Am Joer 1996 ass vum Rotary Club Iechternach a Musel zur Erënnerung u säi Grënnungsmember, dem Doktor Pierre Moes an Zesummenaarbecht mat de Ministère fir Tourismus an Ëmwelt, der Forstverwaltung an de Gemenge Manternach a Mäertert e Léierpad amenagéiert ginn. Mat Depart bei der Sirdallbréck oder zu Manternach, ass de Circuit jee no Weevariant 4 oder 6 km laang a mat siwwenzéng verschiddene Panneauen, déi en Abléck an déi natur- a kulturhistoresch Aspekter vun der Manternacher Fiels ginn, illustréiert.

[Änneren] Referenzen

[Änneren] Kuckt och


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -