See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Holzmillen - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Holzmillen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Iwwerreschter vun der Holzmillen
Iwwerreschter vun der Holzmillen

D'Holzmillen (Holzschläiferei) gouf an der Mëtt vum 19. Joerhonnert vum Jules Lamort am Sirdall tëscht Manternach a Mäertert am haitegen Naturschutzgebitt Manternacher Fiels, zur Produktioun vun Holzbräi als Matière première fir Pabeier hirzestellen, opgeriicht.

De Papp vum Jules Lamort, de Jacques Lamort huet 1837 tëscht Manternach a Wecker eng Pabeierfabrik gegrënnt. Déi Zäit si fir d'Pabeierproduktioun Textiloffäll aus Seid, Léngent, Kotteng oder Schofswoll benotzt ginn, déi zerstéckelt, ageweecht a mat Hëllef vun der Waasserkraaft duerch e Muelwierk zerklengert goufen. Well an der Mëtt vum 19. Joerhonnert d'Nofro no Pabeier ëmmer méi grouss gouf an d'Präisser fir d'Textilreschter ëmmer méi geklomme sinn, war een op der Sich no neier Matière première fir d'Pabeierproduktioun, vun deenen d'Holz zum wichtegste ginn ass.

Stauwier
Stauwier

Mat der Iwwerhuelung vun der Pabeierfabrik Lamort, huet de Jules Lamort sirofwäerts 1859/60 no der Geneemegung vum 14. Abrëll 1857 d'Holzmille mat enger Waasserkraaftanlag opgeriicht. Fir d'Mille kënne permanent ordentlech ze bedreiwen huet hie baachopwäerts e Stauwier gebaut. D'Waasser gouf vum Barrage duerch e ronn 850 m laange Kanal afgeleet. De Kanal ass vum Barrage op der rietser Säit vun der Sir verlaf, ass mat engem Aquaedukt iwwer d'Sir gaang an op der lénker Säit bis zum Waasserhaus iwwert der Mille weider gelaf. Duerch de Kanal konnt den Niveau vum Waasser erhéicht ginn, sou datt d'Héicht vun der Chute an domat d'Waasserkraaft vergréissert gouf.

Aquadukt
Aquadukt

D'Matière première war haaptsächlech Fiichtenholz. An der Kuelescheier lénks iwwert der Fabertbréck ass d'Holz geschielt, a 40 cm grouss Stécker geschnidden a schliisslech mat Päerd bis bei d'Holzmillen transportéiert ginn. An der Millen ass d'Holz géint rau Millesténg gepresst an zerriwwe ginn a mat Säck an d'Pabeierfabrik bruecht ginn. D'Millesteng sinn duerch eng Turbin mat Waasser aus dem Waasserhaus ugedriwwe ginn.

1906 ass am Sirdall mat dem zweespueregem Ausbau vun der Zuchstreck Lëtzebuerg - däitsch Grenz ugefaang ginn, bäi deem en Äerdrutsch d'Holzmille gréisstendeels zerstéiert huet. Vun do un huet gemuelten Holz aus dem Ausland missen importéiert ginn, wat 1914 derzou gefouert huet, datt d'Pabeierfabrik zougemaach gouf.

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -